Dagdeeglech
Generatiounen: Eng nei Editioun vum Senior Drivers Day
3 min
Zanter enger Rei Jore gëtt de Senior Drivers Day proposéiert. Hei kënnen eeler Leit, déi vläicht onsécher gi si beim Autofueren nees Vertraue gewannen, respektiv nees méi praktescht Situatioune léieren, Alldeegleches am Stroosseverkéier eben. Dësen Dag ass zwar eréischt am Juni, mee d'Plaze si limitéiert an d'Demande ass grouss, dofir soll ee sech elo schonn umellen. Detailer huet den Alain Brever, Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter.