Dagdeeglech
Generatiounen: Fantasiereese fir ze entspanen
3 min
Dir leet Iech gemittlech op de Buedem a gitt mat op d'Fantasierees geholl. Dir braucht näischt ze maachen, d'Erzielung vun der Therapeutin Nora Schlesser mécht de Rescht. Si hëlt Iech mat an enger aner Welt, eraus dem Alldag an eran an Äert eegent Ech. Och am Alter bléift et wichteg reegelméisseg ze entspanen, dat geet duerch Yoga oder Meditatioun an eben och mat Fantasiereesen, bei deenen Dir och nach Technike gewise kritt, fir se selwer doheem anzesetzen, och z. B am Sëtzen. Informatiounen huet den Alain Brever, Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter.