Dagdeeglech
De veganen Tipp mam Marie: Pistasche-Kuch
0 min
Dauer: 10 Minutte virbereeden a 25 Minutte baken
Virbereedung:
120 Pistasch-Nëss
220 g Zocker
250 g Miel (Typ 55)
Ee Pak Bakpolver
½ Kaffisläffel Salz
280 ml vegan Mëllech (z. B. Soja Mëllech)
4 Zoppeläffelen Apel Esseg
120 ml neutralen Ueleg (z. B. Rapsueleg)
2 Zoppeläffel Pistaschen-Extrakt (alternativ: 1 Zoppeläffel Vanill Extrakt an ½ Zoppeläffel Mandel Extrakt)
Zoubereedung:
D'vegan Mëllech ab den Apel Esseg vermëschen a fir ronn 10 Minutte goe loossen
D'Nëss an den Zocker an engem Mixer mëschen
De Pistasch-Zocker-Mix, d'Miel, de Bakpolver an d'Salz an enger Schossel zesummemëschen
Den Ueleg, den Extrakt an enger Schossel vermëschen
De flëssege Mix an den dréchene Mix mëschen
Eng grouss ronn Bakform mat Bakpabeier an e bëssen Ueleg areiwen an de Schäffchen op 180 Grad Celsius opwiermen
De Kuch fir ronn 25 Minutten baken (bis um Zännstëppeler keen Deeg méi ass)