Radioen

On air

Notturno  |  Arp - Eniko

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Den John Kay huet dëse Mëttwoch säin 79. Gebuertsdag gefeiert. Mat der amerikanesch-kanadescher Band Steppenwolf huet dee gebiertegen Däitschen eng etlech Rockklassiker erausbruecht, alle virop "Born To Be Wild" - e Lidd dat duerch de Film "Easy Rider" reegelrecht Kultstatus krut. Mee och "Magic Carpet Ride", "The Pusher" oder "Monster" si Klassiker, déi vum raue Rock an der prägnanter Stëmm vum Kay (biergerleche Numm: Joachim Fritz Krauledat) liewen.

De Sänger a Frontmann vun der Band war no Krichsenn mat senger Mann aus Ostpreussen an de Westen geflücht, no e puer Joer si si a Kanada ausgewandert.

Steppenwolf gëtt et an Tëschenzäit net méi, no där enger oder anerer Reunioun huet de Kay d'Formatioun opgeléist. Den 30. Abrëll 1998 huet d'Band och am Atelier gespillt. E leschten Optrëtt hat de Kay am Mee 2022 an der klenger däitscher Provënzstad Arnstadt. Do, an der Géigend vun Erfurt, hate seng Mamm an hien op der Flucht bis 1948 gelieft. An der Bach-Kirche huet de Museker e Soloconcert ginn, just hien a seng akustesch Gittar. Doheem ass den John Kay antëschent a Kalifornien.

D'Playlist:


Golden Earring - Twilight Zone (live) (Live From The Twilight Zone, 1984)
Steppenwolf - The Pusher (live) (Live At 25, 1995)
Steppenwolf - Hoochie Koochie Man (live) (Live At 25, 1995)
Gipsy - Around You (In The Garden, 1971)
Pacific, Gas and Electric - Are You Ready? (Are You Ready?, 1970)
Joe Cocker - Feelin' Alright (With A Little Help From My Friends, 1969)
Steppenwolf - Magic Carpet Ride (live) (Live At 25, 1995)
Steppenwolf - Born To Be Wild (live) (Live At 25, 1995)
Mark Lanegan - One Way Street (Field Songs, 2001)
Motorhead - Whorehouse Blues (Terminator, 2004)

Musek

Episoden

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

0 min

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow

Special David Bowie

Dësen 10. Januar sinn et aacht Joer, datt mam David Bowie ee vun den erfollegräichsten a respektéiertste Kënschtler, dës Welt zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag verlooss huet.
headphones

60 min

play_arrow

Erëmhéieren oder entdecken x 23!

1977 ass dat Joer, dat dobäi eng Grëtz méi am Mëttelpunkt steet - mat villen Interpreten, déi haut nach ëmmer aktiv sinn!
headphones

120 min

play_arrow

Let’s go live!

Grouss Nimm aus der Rockzeen, grouss Klassiker aus hirem jeeweilege Repertoire: mir gi véier Mol an de Concert - mat den Doobie Brothers, Talk Talk, Pink Floyd a Lou Reed
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

50 Joer ‚Quadrophenia’ vun The Who
headphones

60 min

play_arrow

David Crosby live

De 7. Dezember 1993 stoung den David Crosby op der Bün vum Club Whiskey A Gogo zu Hollywood. Erauskoum dobäi säi véierte Soloalbum “It’s All Coming Back To Me Now”.
headphones

60 min

play_arrow