Dagdeeglech
Virun 204 Joer koum de François-Emile Majerus op d'Welt
2 min
No sengen Etuden zu Léck mat engem Ofschloss als Ingénieur des mines, goung de Frantz Majerus 1849 a Mexiko, wou hie fir d'Regierung geschafft huet. Zeréck zu Lëtzebuerg war hie Matgrënner vun der Burbacher Schmelz a véier Joer där hiren Direkter. 1855 beréit hien d'Lëtzebuerger Regierung, wéi et dorëms goung déi éischt Eisebunnen ze bauen. Hien hat och eng direkt Verbindung mat Saarbrécke geplangt, aus där jo bekanntlech bis haut näischt gouf. Bis zu sengem Doud, den 22. Oktober 1887 war hie wärend dräi Joer Administrateur-délégué vun de Prince-Henri Eisebunnen.