Dagdeeglech
De veganen Tipp mam Marie: Börek mat Spinatfëllung
5 min
Dauer: 10 Minutte Virbereeden & 15 Minutte Baken
Fir ronn 15 Börek brauche mir:
Ronn 300 g Yufka oder Filo Deeg Blieder
100 ml vegan Mëllech an 2 Zoppeläffelen Ueleg
Sesam (beige oder schwaarz)
Fir d'Spinat Fëllung brauche mir:
1 Zwiwwel
2 Knuewelek Zéiwen
Ronn 300 g Spinat, frësch oder gefruer
Ronn 200 g vegane Feta
Salz a Peffer
Zoubereedung:
D'Zwiwwele an de Knuewelek kleng schneiden
Den Ueleg an enger Pan erhëtzen an d'Zwiwwele broden
De Knuewelek an de Spinat an d'Pan dobäi ginn a fir ronn 2 Minutte weider broden (bis de Spinat kleng gëtt)
Des Mëschung e bëssen ofkille loossen, an ee Sift ginn a mat engem grousse Läffel oder änlechem ofdrécken (fir manner Flëssegkeet ze hunn)
D'Mëschung kleng schneiden oder an engem Mixer mëschen
De vegane Feta dobäi mëschen a mat Salz a Peffer ofschmaachen
D'Yufka/ Filo Deeg Blieder ausrullen, a jeeweils an zwee Dräiecke schneiden
Ee Mix aus veganer Mëllech an Ueleg drop pinselen
Jeeweils op der laanger Säit vum Dräieck d'Spinat Mëschung drop ginn
Riets a lenks vun der Fëllung den Deeg era falen, an da bis uewen oprullen
All Börek op Bakpabeier op ee Bakblech leeën
All Börek nach eemol mam Mix aus veganer Mëllech an Ueleg pinselen
Bei 180 Grad Celsius fir ronn 15 bis 20 Minutte baken (bis se gëlle brong a knuspreg sinn)
E bëssen ofkille loossen