Dagdeeglech
De veganen Tipp mam Marie: Spekulatius-Strudelen
1 min
Dauer: 15 Minutten
Mir brauchen:
Zwee Bliederdeeg Päck
Ronn 4 Zoppeläffele Spekulatius-Crème
Ronn 250 g Spekulatius-Kichelcher
Pudderzocker (fir uewen drop)
Zoubereedung:
De Schäffchen op 220 Grad Umluft opwiermen
2 Bakblecher mat Bakpabeier virbereeden
De Bliederdeeg ausrullen
3 bis 4 Zoppeläffele Spekulatius-Crème op den Deeg pinselen
Kichelcher kleng hacken an um Deeg verbreeden
Deen zweete Bliederdeeg op deen anere leeën
Laang Sträife schneiden
All eenzel Sträif dréien an an ee Strudel formen
D'Strudelen op de Bakblech leeën
D'Strudele fir ronn 10 Minutte baken, bis se gëlle sinn
E bëssen ofkille loossen an dann einfach mat oder ouni Pudderzocker drop genéissen