arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 77 Joer stierft de Gaston Diderich
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Gebuer den 18. Juni 1884 an der Stad Lëtzebuerg engagéiert sech de Gaston Diderich schonn a jonke Joren bei der radikal-liberaler Partei, der haiteger Demokratescher Partei (DP). Hier war vun 1918 bis 1940 an 1945 Deputéierten an der Chamber. De Stater Leit ass de Gaston Diderich an Erënnerung als hire Buergermeeschter vun 1921 bis 1940 a vun 1944 bis 1946. De Gaston Diderich stierft de 29. Abrëll 1946, haut op den Dag viru 77 Joer.
Politik a Gesellschaft