arrow_back_ios
Dagdeeglech
89 Joer fir de Fernand Franck
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
De 6. Mee 1934 koum zu Esch-Uelzecht de Fernand Franck op d'Welt. Mat 26 gouf hien am Juni 1960 zum Priister geweit. Säi Wee sollt hie vun Déifferdeng, wou hie sechs Joer laang Kaploun um Fuussbann war, iwwer Clausen als Paschtouer fir aacht Joer, dunn 1977 op Roum féieren. 1990 gouf de Fernand Franck zum Bëschof vun der Äerzdiözes Lëtzebuerg ernannt. Hie sollt dat bis 2011 bleiwen. Alles Guddes fir de 89. Anniversaire
Politik a Gesellschaft