Dagdeeglech
De veganen Tipp mam Marie: Yayla Çorbası, eng vegan Jugurtszopp
3 min
Dauer: ronn 25 Minutten
Fir ronn 4 Portioune brauche mir:
5 Zoppeläffele Räis (z. B. Basmati Räis oder Rundkorn Räis)
1 Liter Waasser
500 g Natur Soja Jugurt
1 Zoppeläffel Weessmiel
2 Zéiwe Knuewelek
1 Zoppeläffel vegan Margarinn
2 Zoppeläffele Rapsueleg
2 Zoppeläffele gedréchent Peffermënz
Jus vun enger hallwer Zitroun
Salz
Zoubereedung:
De Räis mat ronn 1 Liter Waasser fir ronn 15 Minutte kachen, an duerno esou op d'Säit setzen
De Jugurt an enger grousser Schossel mam Weessmiel verréieren, a bei d'Räis-Waasser dobäi mëschen
D'Zéiwe Knuewelek a kleng Stécker pressen
D'Margarinn an den Ueleg an enger Pan erhëtzen
D'Knuewelek-Stécker an d'Peffermënz-Blieder an d'Pan dobäi ginn a gëlle brong ubroden
Dës Mëschung bei d'Zopp dobäi ginn
Den Zitrounejus dobäi mëschen
E bësse Salz an eventuell Chilli-Flacken dobäiginn