Dagdeeglech
De veganen Tipp mam Marie: Bagels
3 min
Dauer: 30 Minutte Virbereedung an 1 Stonn opgoe loossen
Fir 6 grouss Bagels brauche mir:
125 ml vegan Mëllech
2 Zoppeläffelen Zocker
125 ml Waasser
Ee klenge Pak dréchen Hief
430 g Miel (Typ 55)
2 Kaffisläffele Salz
2 bis 4 Kaffisläffelen Ueleg, z. B. Rapsueleg
Mëschung fir op d'Bagels (optional):
2 Kaffisläffele schwaarz Sesam-Kären
1 Zoppeläffel wäiss Sesam Kären
¼ Kaffisläffel Salz (grafft Salz)
Zoubereedung:
An engem klengen Dëppen d'Mëllech mam Zocker kachen, bis den Zocker sech opléist. Net zum Kache bréngen
D'Mëllech an eng grouss Schossel schëdden an d'Waasser dobäi ginn. Dës Mëschung soll wotlech sinn
D'Hief dobäiginn an d'Mëschung fir ronn 10 Minutten op enger waarmer Plaz opgoe loossen
An enger anerer Schossel d'Miel an d'Salz zesummemëschen
D'Miel-Mëschung zu der Mëllech-Mëschung dobäi ginn. Mat engem Holzeläffel alles gutt vermëschen. 2 Kaffisläffelen Ueleg dobäi ginn. Den Deeg fir 8 bis 10 Minutte mat den Hänn knieden
2 Kaffisläffelen Ueleg an eng Schossel ginn an dorop den Deeg leeën. Mat engem Kichenduch bedecken an op enger waarmer Plaz fir ronn 1 Stonn opgoe loossen
No der enger Stonn den Deeg nach eemol fir 2 Minutte mat den Hänn knieden
Den Deeg a 6 Stécker opdeelen
All Deel an ee Ball formen, da mam Daumen ee Lach an d'Mëtt stiechen, mat den 2 Daumen de Bagel dréien a formen (d'Lach an der Mëtt sollt ronn 2,50 cm grouss sinn, well et am Schäffchen ëmmer nach méi kleng gëtt)
D'Bagels op ee Bakblech mat Bakpabeier leeën a fir 10 bis 15 Minutten nach eemol opgoe loossen
An där Zäit Waasser an engem Dëppe kache loossen an de Schäffchen op 190 Grad Celsius Ober-/Unterhitze opwiermen
All eenzele Bagel an d'kachent Waasser ginn, wa se erop schwammen, dann ëmdréien an all Bagel fir ronn 2 Minutte kachen
D'Bagels op d'Bakpabeier leeën
Optional: Mëschung aus Sesam a Salz op d'Bagele streeën
Fir 22 bis 25 Minutte baken, bis se gëlle-brong sinn