arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun dräi Joer stierft de Jay Schiltz
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Gebuer den 28. Januar 1958 als Bouf vum Auteur Roger Schiltz, féiert dem Jay Schiltz säi beruffleche Wee hie vun der Eisebunn iwwer d'Gemeng Stengefort bei RTL an du bei de radio 100,7, wou hien eelef Joer Chefredakter war. Schreiwe war seng grouss Leidenschaft. Hie war Member vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband an huet Theaterstécker a Cabaret-Programmer geschriwwen. De Jay Schiltz stierft haut op den Dag virun dräi Joer.
Politik a Gesellschaft