Dagdeeglech
De veganen Tipp mam Marie: Schmant
2 min
Dauer: 5 Minutten
Mir brauchen:
200 g Cashew Kären
150 g planzleche Jughurt (z.B. Natur Soja Jughurt)
60 ml Waasser
2 Zoppeläffele wäissen Esseg
3 Zoppeläffelen Zitrounejus
½ Kaffisläffel Salz
Zoubereedung:
D'Cashew Kären entweder fir 3 Stonnen an enger Schossel mat Waasser aweeche loossen, oder fir 15 Minutten an engem Dëppe mat Waasser kache loossen (bis se mëll sinn)
Alles an engem Mixer fir e puer Minutte vermëschen
De Schmant an engem Glas mat Deckel fir ongeféier 6 Deeg am Frigo halen (bei Benotzung eventuell erëm mat e bësse Waasser vermëschen)
Inspiratiounsquell: elavegan.com