arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 85 Joer stierft den Ernest Leclère
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Gebuer gouf den Ernest Leclère den 22. Abrëll 1865 an der Stad Lëtzebuerg. Politesch war hien aktiv bei der Sozialdemokratescher Partei, der haiteger LSAP. Hien war an der Chamber a gouf 1915 den éischte sozialistesche Minister zu Lëtzebuerg. 1919 war den Ernest Leclère un der Säit vum Premier Emile Reuter Deel vun der Delegatioun, déi Lëtzebuerg a Frankräich bei de Verhandlunge fir de legendäre Vertrag vu Versaille vertrueden huet.
Politik a Gesellschaft