Dagdeeglech
De veganen Tipp mam Marie: Äerdbier Victorian Sponge Cake
4 min
Dauer: 20 Minutten Zoubereedung & 45 Minutte Baken
Fir de Kuch brauche mir zweemol (fir jeeweils eng Bakform):
400 g Miel (z.B. Typ 55)
1 ¼ Kaffisläffel Bicarbonate de soude
250 g Zocker
115 ml Sonneblummen Ueleg
400 ml vegan Mëllech (z.B. Soja-, Mandel- oder Huewer Mëllech)
3 Zoppeläffelen Ahornsirop oder änleche Sirop
2 Kaffisläffele Vanill Extrakt
Ronn 150 g Äerdbieren
Fir d'Bottercrème brauche mir entweder:
Vegan Schlagsan
Oder:
200 g vegan Margarine (am beschten ouni Sonneblummen Ueleg)
180 g Pudderzocker
1 Zoppeläffel Vanill Extrakt
Zoubereedung:
De Schäffchen op 180 Grad Celsius opwiermen an zwou grouss Bakforme vu jeeweils 24 cm mat Bakpabeier beleeën a mat e bëssen Ueleg pinselen
An eng grouss Schossel d'Miel, de Bicarbonate de soude, an den Zocker vermëschen
An enger anerer Schossel den Ueleg, d'vegan Mëllech, de Sirop an de Vanill Extrakt vermëschen
Déi flësseg Mëschung an déi dréche Mëschung schëdden a gutt vermësche bis et crèmeg gëtt
Des Mëschung an eng Bakform schëdden, an dann den Deeg fir déi zweet Bakform op déi selwecht Manéier preparéieren
Déi zwee Kuche fir 35 bis 45 Minutte baken, bis um Zännstëppeler keen Deeg méi ass
Aus dem Schäffchen huelen, a fir ronn 20 Minutten an de Bakforme loossen
Déi zwee Kuchen dono op een Drot-Blech leeën a ganz ofkille loossen
An engem Mixer d'vegan Margarine, de Pudderzocker an de Vanill Extrakt vermëschen, an e bëssen am Frigo stoe loossen
Wann d'Kuche ganz ofgekillt sinn, d'Bottercrème op deen ee Kuch sträichen, den zweete Kuch dorop leeën, an dann nach eemol eng Schicht Crème dorop sträichen
Als Dekoratioun Äerdbier an d'Hallschent schneiden an op de Kuch uewen drop leeën
Eventuell nach Pistaschkären op de Kuch streeën