Radioen

On air

Resonanzen  |  Nicola Porpora - Nell'attendere il mio bene, aus 'Polifemo' (Oper) - Philippe Jaroussky (Countertenor), Venice Baroque Orchestra, Andrea Marcon (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

De Mick Abrahams (07.04.1943) ass en englesche Gittarist a Sänger, dee mat zu de Grënner vun Jethro Tull zielt. Mee schonns nom éischten Album "Time Was' verléisst hien 1968 dës Band am Streit mam Ian Anderson wéinst musikaleschen Differenzen a grënnt seng eege Formatioun, "Blodwyn Pig', déi eng Mëschung aus Rock, Blues an Jazz proposéiert.

Blodwyn Pig spillt dat Joer drop um faméise Festival op der Isle Of Wight, léist sech allerdéngs kuerz duerno op. Eréischt Ugangs de 90er geet et erëm weider, de Mick Abrahams publizéiert parallel zu de Bandaktivitéiten eng etlech Solo-Produktiounen.

Den Album "All Tore Down' gouf wärend der 1994er Tour opgeholl, als Invité stung den ... Ian Anderson bei engem Gig mat op der Bün - et verdréit een sech deemno erëm. Um Album fënnt eng eng 17-Minutte-Versioun vu "Cat's Squirrel', am Original méi kuerz op "Time Was' ze fannen, den Track "I Wonder Who' ass en Hommage un de brittesche Bluespionnéier Alexis Korner.

D'Playlist vun haut:


Lou Reed - Vicious (live) (Lou Reed Live, 1975)
Roxy Music - Do The Strand (For Your Pleasure, 1973)
The Stranglers - No More Heroes (No More Heroes, 1977)
Patti Smith Group - Dancing Barefoot (Wave, 1979)
Bernard Allison Group - Rockin' Robin (Hang On!, 1993)
Bernard Allison Group - Voodoo Thang (Hang On!, 1993)
Mick Abrahams' Blodwyn Pig - I Wonder Who (live) (All Tore Down, 1994)
Big Daddy Lee - Hey, Hey (The Reason, 2012)
The Doors - L.A.Woman (L.A.Woman, 1971)
Siouxsie And The Banshees - The Passenger (Through The Looking Glass, 1987)

Musek

Episoden

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

0 min

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow

Special David Bowie

Dësen 10. Januar sinn et aacht Joer, datt mam David Bowie ee vun den erfollegräichsten a respektéiertste Kënschtler, dës Welt zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag verlooss huet.
headphones

60 min

play_arrow