Dagdeeglech
Haut ass Welt Vëlo Dag
4 min
Den 3te Juni steet awer och fir de Weltdag vum Vëlo.
De World Bicycle Day, och nach Dag vum Vëlo oder Europäeschen Dag vum Vëlo genannt, gëtt a villen EU-Länner gefeiert. D'Journée ass den 12. Abrëll 1998 vun de Vereenten Natiounen agefouert ginn, als en offiziellen UN Dag fir d'Bewosstsinn fir déi gesellschaftlech Virdeeler vum Vëlo ervirzesträichen.
Mam Weltdag sollt op d'Bedeitung vum Vëlo fir d'Gesondheet, der Liewensqualitéit an de Stied an dem Benefice fir d'Klima higewise ginn. Doropper huet de Chef vun der Europäescher Cycliste Federatioun, Bernhard Ensink, déi gesellschaftlech, ekologesch an ekonomesch Virdeeler vum Vëlo ënnerstrach an huet betount dass d'UN Deklaratioun eng Unerkennung fir e Bäitrag zu de 17 UN Ziler fir nohalteg Entwécklung gehéiert.
De Vëlo deen ëmweltfrëndlech, gesond a sozial ass, huet den Ament ee Boom. Bedéngt duerch d'Energie Präisser déi klammen, der Ëmwelt zur Léift, enger anerer Liewensqualitéit, benotzen ëmmer méi Persounen de Vëlo als Haapttransportmëttel. Nieft Foussgänger, Autoen, Trottinette gëllen deemno och um Vëlo streng Reegele fir sécher vun A op B ze kommen.
Der Weltgesondheetsorganisatioun WHO no, gehéiert Vëlo fueren zu den Aktivitéiten déi d'Fitness begënschtegen, genee sou wéi zum Beispill trëppelen. De Weltdag vum Vëlo ass awer och d'Geleeënheet fir Verbänn a Vëlos Communautéite fir op d'Belaaschtung vum Verkéier an de néidege Mesuren hinzeweisen. Zum Beispill organiséiert d'ASBL Provelo, de nächste Samschdeg den 10. Juni d'Manifestatioun ''Safe Cycling Now''. D'Iddie baséiert op dem Wonsch, dass jiddereen dee Loscht huet Vëlo ze fueren, dëst ënnert de beschtméiglechsten a sécherste Konditioune soll maache kënnen. Dofir ass et Provelo wichteg, deen Dag eng grouss Masse vu Cyclisten zesummen op de Vëlo ze kréie fir dëser Visioun no baussen Ausdrock ze ginn.
Dat ass dann d'nächst Woch, mee haut ass de Weltdag vum Vëlo.
A vergiesst net um Vëlo gëllen déi nämmlecht Reegelen aus dem Code de la Route, wéi fir all aner Verkéiersmëttel.