Dagdeeglech
De veganen Tipp mam Marie: Eisekuchen
4 min
Dauer: 5 Minutte Virbereedung & 20 Minutte Kachen
Fir ronn 8 Eisekuche brauche mir:
156 g Miel (Typ 55)
3 Zoppeläffele wäissen oder brongen Zocker
2 Kaffisläffele Bakpolver
¼ Kaffisläffel Salz
300 ml vegan Mëllech (z.B. Soja Mëllech)
2 Zoppeläffele geschmolte Kokosnoss Ueleg an e bësse fir an d'Eisen ze pinselen
3 Kaffisläffele Vanill Extrakt
Zoubereedung:
1. D'Eisekuchen Eisen opwierme loossen
2. An enger grousser Schossel d'Miel, den Zocker, de Bakpolver an d'Salz zesumme mëschen
3. D'vegan Mëllech, de Kokosnoss Ueleg an de Vanill Extrakt dobäi mëschen
4. Wann d'Eisekuchen Eise waarm ass, e bësse Kokosnoss Ueleg op d'Eise pinselen
5. Ronn eng Zoppe Lusch Deeg pro Eisekuch an d'Eise schëdden, d'Eisen zou maachen, an d'Eisen esou laang zou loosse bis keen Damp méi vun de Säiten erauskënnt, fir ronn 3 bis 5 Minutten, bis d'Eisekuchen eng gëlle Faarf hunn
6. Mat frësche Friichten a Schlagsan iessen, mat Schockela oder Noss Crème, oder einfach nëmme mat e bësse Pudderzocker.
Inspiratiounsquell: Alison Andrews - lovingitvegan.com