Radioen

On air

Notturno  |  The Astronoids - Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

"Hey Joe" gehéiert zu de grousse Rock-Klassiker, populär gouf d'Lidd duerch d'Versioun vun der Jimi Hendrix Experience. Enn 1966 koum den Titel als Single eraus, e puer Wochen duerno war en och um Debutalbum "Are You Experienced" vertrueden.

Als Komponist gëtt allgemeng de kalifornesche Folksänger Billy Roberts (1936-2017) ugesinn, d'Lidd gëtt datéiert op 1961. Allerdéngs hunn och Musekerkolleege vun deemools Uspréch a Saachen Input ugemellt: scho Mëtt de 50er Joren hätt de Schott Len Partridge eng änlech Versioun zesumme mam Roberts an de Cluppe gesongen an 1961 wier eng Zort "Pre-Hey Joe" vun der Niela Miller op hirer LP "Songs Of Leaving" ze fanne gewiescht. D'Lidd gouf - well net direkt a Saache Copyright ugemellt - och alt emol an der Kategorie "tradional" klasséiert.

"Hey Joe" ass eent vun den am heefegste gecoverte Lidder an der Rockgeschicht. De Surf-Tipp fir d'Aficionados: dëse Site. Plangt Iech dofir awer eng Grëtz Zäit an!

D'Playlist:


The Rolling Stones - Let It Bleed (live) (Stripped, 1995)
Alvin Lee - I'm Going Home (In Tennessee, 2004)
Alvin Lee - Wake Up Moma (Zoom, 1992)
Eva Cassidy - Take Me To The River (live) (Live At The Blues Alley, 1996)
Beth Hart - Jazz Man (Fire On The Floor, 2016)
Fiona Apple - Criminal (Tidal, 1996)
Sunnyland Bluesband - Hey Joe (live) (Live '98, 1998)
Sunnyland Bluesband - Red House (live) (Live '98)
Van Morrison With Georgie Fame And Friends - Moondance (How Long Has This Been Going On, 1995)
The Beatles - Get Back (Let It Be, 1969)

Musek

Episoden

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ...
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

Osibisa live

Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt.
headphones

60 min

play_arrow

Rare Earth live

Rare Earth aus Detroit Michigan war eng vun de rare Formatioune mat wäisse Museker, déi Enn de Sechzegerjoren um Label Motown aktiv war.

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow