Dagdeeglech
38 Joer fir den Andy Schleck
3 min
No François Faber, Nicolas Frantz a Charlie Gaul gouf den Andy Schleck 2010 dee véierten a bis ewell leschte Lëtzebuerger Tour de France Gewënner. Seng Karriär als Profi start 2005 beim däneschen Team CSC-Saxo Bank, wou och scho säi Brudder Fränk ee Kontrakt huet. 2007 realiséiert den Andy eng zweete Plaz am Giro d'Italia, d'Joer drop eng éischte Kéier am Tour de France. No zwou Etappevictoiren 2010 am Tour de France, dorënner déi extreem schwéier mat Arrivée um Col du Tourmalet, kënnt hien zu Paräis als Zweeten un, gouf dunn awer e puer Wochen méi spéit zum Gewënner erkläert nodeems de Spuenier Alberto Contador wéinst Doping disqualifizéiert gouf.