Dagdeeglech
Virun 21 Joer stierft de Pierre Werner
3 min
Virum Zweete Weltkrich studéiert de Pierre Werner zu Paräis Droit a Politik-Wëssenschaft a schafft op enger Bank. Nom Krich engagéiert hie sech politesch, ass tëschent 1953 an 59 Minister a gouf nom Doud vum Pierre Frieden 1959 Premier. Regierungschef sollt hie bis 1984 bleiwen, mat enger Ënnerbriechung vun 1974 bis 79, wéi d'CSV no 30 Joer huet missten an d'Oppositioun goen.
De Pierre Werner gëllt och als ee vun de Pappe vum Euro. Hien huet 1970 de sougenannte Werner-Plang ausgeschafft, een éischte Versuch fir eng europäesch Wärungsunioun. Konkret gouf déi Iddi awer eréischt 1985 mam Delors-Plang.
De Pierre Werner, gebuer den 29. Dezember 1913, stierft de 24. Juni 2002 am Alter vun 88 Joer.