Dagdeeglech
Veganen Tipp mam Marie: Räispabeier-Rulle gefëllt mat vill Geméis
2 min
Dauer: 15 Minutten
Fir ronn 10 Rulle brauche mir:
- 10 Räisblieder
- ronn 150 g gereecherten Tofu
Kornischong
- 1 gréng, giel, rout oder orange Paprika
- 2 Muerten
- ½ roude Kabes
- Maiskären
- Zalot, z. B. Rucola Zalot oder Peffermënz Blieder
- Schwaarz oder beige Sesam-Kären
- Optional: gedréchent Blummen
Fir de Kakuetten-Dip brauche mir:
- 5 Zoppeläffelen Kakuette-Crème (mat oder ouni Kären)
- 3 Zoppeläffelen Soja- oder Tamari-Zooss
- 3 Zoppeläffele Waasser
Zoubereedung:
All Geméis a laang dënn Scheiwe schneiden an op verschidden Tellere leeën
Waarmt Waasser an een Dëppe schëdden
Ee proppert Kichenduch op ee groussen Teller leeën
Ee Räisblat an d'Waasser leeën (oppassen, datt dat ganzt Blat ënner Waasser ass), a fir ronn 1 Minutt am Waasser loossen, bis et ganz mell ass
Wann d'Räisblat mell ass, et aus dem Waasser huelen, an et op d'Kichenduch leeën (fir datt e bësse Waasser erauskënnt)
Da vun allem e bëssen draleeën, no um Rand
Ee Rand lénks a riets vum Geméis loossen, fir d'Rull duernno gutt zouzerullen
D'Rull mat vill Spannung andréien a roueg nach e puermol rullen, fir datt se ganz fest zou ass
Dat Ganzt fir all Rull widderhuelen, an all Rullen op ee groussen Teller leeën
Alles fir d'Zooss an enger grousser Schossel verréieren
Wann néideg, nach e bësse Waasser bei d'Zooss dobäi ginn