Dagdeeglech
Generatiounen: Zweeten Opruff fir d'Fotoausstellung Altersbiller
3 min
Images de la vieillesse: Matmaache kann hei jiddwereen, an deem ee Fotoen eraschéckt, wéi en den Alter gesäit. Al sinn an al ginn, wéi gesi Dir dat? Wat hu Dir fir Perspektiven? Dat hei ass en Opruff un all Hobby-Fotografen (vu 16 Joer un), zum Theema: Altersbiller:
"D'Facette vum Alldag, d'Villfalt matten am Liewen, Héichten an Déiften"
D'Ausstellung mat de Fotoen an engem passende Katalog kënnt dann am Oktober eraus. Informatiounen huet den Alain Brever, Direkter vum Gero, Kompetenzzenter fir den Alter.