Dagdeeglech
De veganen Tipp mam Marie: Vegan Thon-Alternativ
3 min
Dauer: 15 Minutten
Mir brauchen:
Ronn 430 g (ouni Flëssegkeet) Kicherierbessen aus dem Glas oder der Dous
60 g vegan Mayonnaise
2 Nori Alge-Blieder, a Stécker geschnidden
Eng hallef rout Zwiwwel, a Stécker geschnidden
1 Zoppeläffel Zitrounejus
10 Kaperen
½ Kaffisläffel Knuewelek Pudder
2 Zoppeläffelen Hief-Pudder
1 Zoppeläffel Soja- oder Tamari-Zooss
½ Zoppeläffel schaarfe Moschter
½ Kaffisläffel wäissen Esseg
E bësse Salz, am beschte schwaarzt Salz (Kala Namak)
E bësse schwaarze Peffer
Zoubereedung:
D'Kicherierbesse kuerz mat Waasser ofwäschen an dann an enger grousser Schossel mat enger Forschett zerdrécken
All déi aner Saachen dobäi mëschen
Ofschmaachen, a wann néideg, nach méi Algen, Salz oder Peffer dobäi ginn