Radioen

On air

Resonanzen  |  Jacques Offenbach - Fantasy On The Barcarolle, aus 'Les Contes d'Hoffmann' (Oper) - Ophélie Gaillard (Cello), Morphing Chamber Orchestra, Frédéric Chaslin (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Déjà Vu

100komma7.lu / Déjà Vu

/ Bruce Springsteen - Darkness on the Edge of Town, 1978

Bruce Springsteen - Darkness on the Edge of Town, 1978

headphones

11 min

Lauschteren play_arrow

Kuerz viru sengem 30. Gebuertsdag stoung dem Bruce Springsteen de Sënn dono, eng méi eescht, däischter an erwuesse Plack opzehuelen. "Darkness on the Edge of Town" war dann och e passenden Titel fir en Album, dee ganz anescht war wéi den erfollegräiche Virgänger "Born To Run". D'Claudine Muno huet nach eemol an en e bëssen ënnerschaten Album eragelauschtert.

Musek

Episoden

Numer One Record - Big Star

Ufank Summer 1972 kënnt mat "Number One Record" den Debutalbum vun der US-Formatioun Big Star eraus.
headphones

11 min

play_arrow

Bob Marley - One Love/People Get Ready

Dem Jamaikaner säi fënnefte Studioalbum mat de Wailers kënnt am Juni 1977 eraus.
headphones

5 min

play_arrow

Dusty Springfield - Stay Awhile/I Only Want To Be With You

Am Juni 1964 kënnt den US-Debutalbum vun der Englännerin Dusty Springfield um Label Philips eraus.
headphones

8 min

play_arrow

James Taylor - Hourglass

Dem amerikanesche Singer/Songwriter säi 14. Studioalbum koum am Mee 1997 op de Maart.
headphones

10 min

play_arrow

Randy Newman - Sail Away

Ironie, Mënschlechkeet, Piano an Orchester - Dem Randy Newman säin drëtten Opus vun 1972 bleift ee vu senge beschten.
headphones

6 min

play_arrow

The Beatles - Let It Be

Den 8. Mee koum mat "Let It Be", dee leschten Album vun de Beatles, op de Maart. D'Opname sinn an ugespaanter Atmosphär verlaf.
headphones

11 min

play_arrow

Manassas - Manassas (1972)

Den Album huet am Abrëll 2022 seng 50 gefeiert a kënnt vun engem Supergroup, deen nëmme kuerz existéiert huet.
headphones

17 min

play_arrow

Joe Cocker - It's All Over But The Shoutin'

Dem Joe Cocker säi fënnefte Studioalbum kënnt am Abrëll 1975 um Label Cube eraus.
headphones

6 min

play_arrow

The Cure - Wish (1992)

Am Joer 1992 bréngen déi brittesch Pionéier vum gotesche Rock, The Cure, schonn zanter 13 Joer Musek eraus.
headphones

11 min

play_arrow

Lou Reed (1972)

Den éischte Soloalbum vum New Yorker no senger Trennung vu Velvet Undergroud koum am Abrëll 1972 eraus an dréit einfach säin Numm.
headphones

10 min

play_arrow

Iggy Pop - The Idiot

Am Mäerz 1977 koum dem Amerikaner säi Solodebut eraus, produzéiert an ënnerstëtzt vum David Bowie.
headphones

13 min

play_arrow

Lucio Battisti - Ho Un Anno Di Piu

Dem italieenesche Cantautore Lucio Battisti säin Album "Io Tu Noi Tutti" (Mäerz 1977) ass eng Zesummenaarbecht vun him mam Texter Mogol.
headphones

9 min

play_arrow

Otis Redding/Carla Thomas - King & Queen

Am Mäerz 1967 bréngt de Label Stax den Otis Redding an d'Carla Thomas zesummen - si covere bekannt Material aus dem Stax-Repertoire.
headphones

8 min

play_arrow
Nick Drake - Pink Moon (1972)

Nick Drake - Pink Moon (1972)

Ee Mann a seng Gittar - an e puer Noute Piano: dem Nick Drake seng drëtt Plack "Pink Moon" ass haut besonnesch geschätzt fir hir Direktheet.
headphones

8 min

play_arrow

Neil Young - Harvest

Am Februar 1972 koum dem Kanadier säi véierte Soloalbum "Harvest" eraus. Den Iwwerhit doropper war "Heart Of Gold".
headphones

9 min

play_arrow

Fleetwood Mac - Rumours

Vu britteschem Blues op kalifornesche Pop. "Rumours" ass e voyeuristescht Wierk wéi keen anert.
headphones

10 min

play_arrow

Klaxons - Myths of the Near Future

Erausbruecht vun der Londoner Band am Januar 2007
headphones

9 min

play_arrow

Low - David Bowie

"Low" koum am Januar 1977 eraus an ass den éischten Deel vun der sougenannter Berlin Trilogy vum David Bowie.
headphones

9 min

play_arrow

Lee Moses - Time and Place (1971)

Et gi Placken, déi enttäuschen hir Auteure mat esou engem schappege Retour, datt si fir ëmmer demotivéiert sinn. Esou eng ass hei an eisem Réckspigel.
headphones

8 min

play_arrow

T.Rex - Electric Warrior (1971)

Als elektresch Krichsmaschinn wollt de Marc Bolan 1971 net nëmmen d'Vereenegt Kinnekräich, mee och d'Vereenegt Staaten erueweren.
headphones

0 min