Dagdeeglech
Veganen Tipp mam Marie: Zitroune-Mousse
4 min
4 Portiounen
Dauer: 10 Minutten Zoubereedung - 15 Minutten Kachen - 2 Stonnen am Frigo
Fir d'Mousse brauche mir:
Ronn 240 ml Kokosnoss Mëllech
Ronn 240 ml vegan Mëllech, z. B. Soja- oder Mandel-Mëllech
3 Zoppeläffelen Zocker (wäissen oder brongen)
4 Zoppeläffelen Zitrounejus
Eng Pris Salz
E bësse giel Liewensmëttel Faarf, optional
3 Zoppeläffelen Maisstäerkt
2 Kaffisläffelen Vanillsextrakt
Fir d'Dekoratioun brauche mir:
Schuel vun 2 Zitrounen, optional
Frësch Bieren, optional
Vegan Schlagsan, optional
Zoubereedung:
An engem Dëppen d'Kokosnoss-Mëllech, d'vegan Mëllech, den Zocker, den Zitrounejus, d'Salz mat engem Schnéibiesem opschloen, bis alles vermëscht ass
E bësse d'Liewensmëttelfaarf dobäi mëschen, esou vill bis déi erwënscht Faarf erreecht ass
Dee Mix elo bei mëttlerer Hëtzt fir e puer Minutte kachen
Ronn 120 ml dovunner an eng Schossel ginn, an d'Maisstäerkt mat engem Schnéibiesem dobäi mëschen
Dee Mix bei de Mix am Dëppen dobäi schëdden a weider mam Schnéibiesem réieren, bis keng Stécker méi dra sinn
Vum Gas erofhuelen an de Vanillsextrakt dobäi mëschen
D'Dëppen fir ronn 15 Minutten an de Frigo stellen
D'Mousse an eng grouss Schossel ginn an ofgedeckt fir ronn 30 Minutten an de Frigo stellen
D'Mousse op 4 Glieser verdeelen
Als Dekoratioun Zitrouneschuel, vegan Schlagsan oder frësch Bieren op d'Mousse ginn