Am Fong
Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg
54 min
![on the headlines](/legacy/images/16024/image-thumb__16024__base_thumbnail/Sarah%20Muller%20Alex%20Gillander.6f2bb169.jpg)
Wie sech zu Lëtzebuerg beweegt oder am Grand-Duché wunnt, huet mat de Lëtzebuerger Sproochen ze dinn. All Dag si mir mat hinne konfrontéiert, ob an de Messagen, déi mir eis schreiwen, de Stroosseschëlter oder einfach a Gespréicher mat anere Persounen.
"Lëtzebuerger Sprooch(en)", esou heescht d'Ausstellung vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, déi den 29. Juni 2023 an der Abtei Neimënster presentéiert gouf. Vum 12. Juli u gëtt si am Shopping Center zu Bartreng presentéiert an ass da fir de breede Publikum zougänglech.
D'Soziolinguistin Dr. Sarah Muller an de Linguist Alex Gillander vum ZLS erzielen iwwer d'Entsteeung vun der Ausstellung, d'Interaktivitéit an zukünfteg Projeten.
Episoden
![10 Prozent vun der Planzendiversitéit zu Lëtzebuerg si fort](/legacy/images/13204/image-thumb__13204__base_thumbnail/Guy%20Colling.ac1cec33.jpg)
10 Prozent vun der Planzendiversitéit zu Lëtzebuerg si fort
De Botaniker a Fuerscher Guy Colling vum natur musée ass den Invité, am Kader vum Weltdag vun de menacéierten Aarten.
Take Off - Science Challenge Show
Invitéiert sinn zwee Wëssenschafts-Kommunikatoren: D'Lucie Zeches an de Joseph Rodesch, allebéid vum Fonds National de la Recherche, FNR.
Walen 2023 - Gëff de Kanner eng Stëmm
Invité ass de Paul Heber, dee bei der Unicef fir d'Kommunikatioun zoustänneg ass.
![Achtsamkeet a Rou am Schoulalldag](/legacy/images/11992/image-thumb__11992__base_thumbnail/Daniele%20Turmes.427b226a.jpg)
Achtsamkeet a Rou am Schoulalldag
Kanner an der Grondschoul hunn dacks hektesch Deeg ouni Pausen. D'Achtsamkeetspädagogin Danielle Thurmes suergt dofir, datt si déi kréien.
Wikipedia op Lëtzebuergesch
D'Vertrieder vun der ASBL Wikimedia, mat der Missioun fräit Wëssen ze verbreeden an iwwer Wikimedia-Projeten ze sensibiliséieren: Marc Espen, Jean-Louis Gindt a Gilles Peter.
Spagat tëschent Schoul a Beruffswelt
De Sascha Lang ass Invité, de Sujet ass Inklusioun.
Angscht viru Kënschtlecher Intelligenz?
Wéi wäert AI eis Gesellschaft, eis Kultur an den Aarbechtsmaart veränneren? Äntwerte ginn et vum Prof. Dr. Christoph Schommer.
Gläichstellung am Sport: Eraus aus dem Abseits!
Invitée ass d'Joëlle Letsch. Mat der fréierer Presidentin vum Fraerot ginn d'Ënnerscheeder tëschent Mann/Fra am Sport analyséiert.
Mobbing an der Schoul
Invitéiert sinn d'Claire Russon, Attachée à la direction am CePAS an de Kevin Veiga, deen iwwer seng Experienz als gemobbte Persoun schwätzt.
Beienhaus ASBL: Participatiivt Wunnen
Invitéë sinn d'Astrid Lauterbach an d'Marthy Anne Becker vu der ASBL Beienhaus an d'Anne Frostin an de Patrick Chrétien deelen hir Erfarungen an enger Kooperativ bei Lyon.
E-Autoen: Mat Elektro a Richtung Nohaltegkeet?
Invitéiert si vun der Klima-Agence de Fenn Faber an de Yann Trausch. An ee ferventen Aficionado vun der E-Mobilitéit, de Lucien Reger
![Sozial Ongläichheeten an Antidiskriminéierung](/legacy/images/11209/image-thumb__11209__base_thumbnail/Manon%20Diederich.303132c6.jpg)
Sozial Ongläichheeten an Antidiskriminéierung
Mat der Antidiskriminéierungstrainerin a Kënschtlerin Manon Diederich geet rieds iwwer Muechtverhältnisser a Minoritéiten an der Gesellschaft.
INFPC: en ëffentleche Service am Déngscht vum Lifelong-learning
D'Anne Oswald, Responsabel vu lifelonglearning.lu an d'Cathia Gromczyk, Responsabel fir d'Kommunikatioun beim INFPC, sinn am Studio.
Seniors For Climate Luxembourg: Am Kampf géint d'Klimakris
De Norbert Noben, de Simon Norcross an de Lucien Reger sinn allen dräi Member vun der jonker Associatioun an Invitéen am Studio
Inclusioun: Lobbyismus an Aktivismus
De Sascha Lang ass haut Invité fir iwwer Aktivismus a Lobbyismus ënner Mënsche mat Behënnerung ze schwätzen
Accès zu Bildung an ongläiche Gesellschaften
D'Professorin Dr Tanja Betz ass Expertin an der Fuerschung vun Inegalitéit am Schoulsystem an an der non-formaler Bildung. Si konzentréiert sech op d'Relatioun mat den Elteren an de Famillje
![Grousseltere ginn, Grousseltere sinn](/legacy/images/9283/image-thumb__9283__base_thumbnail/2023-03-28-invite%20am%20fong%202.d4966355.jpg)