arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 58 Joer stierft den Nic Biever
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Gebuer den 22. Mee 1894 zu Diddeleng, engagéiert sech den Nicolas, genannt Nic Biever schonn a jonke Jore gewerkschaftlech. Politesch war hie fir d'éischt lokal, dunn och national aktiv. Nieft sengem Engagement am Diddelenger Gemengerot war hien Deputéierte vun der Lëtzebuerger Aarbechterpartei a wärend néng Joer Aarbechtsminister. Hie stierft de 15. Juli 1965 am Alter vun 71 Joer.
Politik a Gesellschaft