Dagdeeglech
De veganen Tipp mam Marie: Äerdbier Slushie
3 min
Dauer: 15 Minutten
Fir 4 Glieser brauche mir:
680 g gefrueren Äerdbier (optional: frësch Äerdbier)
500 ml Äppeljus
Äiswierfelen, optional
Vegan Schlagsan, optional
Rosa oder rout Liewensmëttel-Pudder, optional
Zoubereedung:
D'Äerdbier fir ronn 10 Minutten entdeeën
D'Äerdbier an d'Hallschent vum Äppeljus an engem Mixer vermëschen
De Rescht vum Äppeljus dobäi mëschen
E puer Äiswierfelen dobäi ginn
Optional vegan Schlagsan, a Liewensmëttel-Pudder als Dekoratioun op d'Schlagsan maachen