Radioen

On air

Notturno  |  Ana Frango Elétrico - Electric Fish

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Den amerikanesche Gittarist Robben Ford (*16.12.1951) ass an de verschiddenste Genren doheem: vu Rock iwwer Blues bis Jazz. Niewent der eegener Karriär ass hie reegelméisseg a Projete mat Musekerkolleegen a -kolleeginnen ze héieren, ë. a. Joni Mitchell ("Miles On Aisles" an "The Hissing Of Summer Lawns"), Bob Dylan ("Under The Red Sky") a Bill Evans ("The Sun Room", "Common Ground"). Eege Produktioune vun him ginn et zanter 1972, antëschent ass hien iergendwou an de Véierzeger ukomm ... eng etlech DVDen net matgezielt.

"Soul On Ten" deen den Owend bei eis am Asaz ass, gouf am August 2009 zu San Francsico opgeholl, 69 Minutten, déi um Label Concorde erauskoumen. Den US-Magazin Vintage Guitar lueft den Album bei senger Sortie: "The changes are nice and never clichéd. The solos are perfect and the vocals strong and assured. 'Soul On Ten' is as satisfying a record as this great guitarist has delivered since he signed with Concord four albums ago."

D'Playlist:


The Creation - Painterman (We Are Painterman, 1967)
Edgar Winter - Johnny B. Goode (Brother Johnny, 2022)
Mike Zito - Let It Rock (Rock 'n' Roll - A Tribute To Chuck Berry., 2019)
Canned Heat - Let's Work Together (Future Blues, 1970)
Fred James - I'm Down (Beatles Blues, 2001)
Thunder - Gimme Shelter (Laughing On Judgement Day, 1992)
Robben Ford - How Deep In The Blues (live) (Soul On Ten, 2009)
Robben Ford - Spoonful (live) (Soul On Ten, 2009)
Sweet Smoke - Baby Night (Just A Poke, 1970)
Circus - Monday Monday (Circus, 1969)
Rare Bird - Sympathy (Rare Bird, 1969)
Procol Harum - Homburg (single, 1967)

Musek

Episoden

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ...
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

Osibisa live

Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt.
headphones

60 min

play_arrow

Rare Earth live

Rare Earth aus Detroit Michigan war eng vun de rare Formatioune mat wäisse Museker, déi Enn de Sechzegerjoren um Label Motown aktiv war.

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow