Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Doechii - Slide

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Den Drummer Nick Mason erënnert mam Bandnumm Saucerful of Secrets un den zweeten Album vu senger fréierer Band Pink Floyd aus dem Joer 1968. Hien huet dëse Projet 2018 gegrënnt, fir un déi éischt Produktioune vun der Kultband ze erënneren an huet dofir am Repertoire och exklusiv Stécker, déi virun "The Dark Side of The Moon" (1973) erauskoumen. Et sinn dat d'Albumen "The Piper At The Gates of Dawn", "A Saucerful of Secrets", "More", "Ummagumma", "Atom Heart Mother", "Meddle" an "Obscured By Clouds".

Depeche Mode huet ganz rezent mat "Memento Mori" en éischten Album nom Doud vum Keyboarder Andrew Fletcher publizéiert. Mir erënneren un de Fletch mat zwou Live-Nummeren: "Personal Jesus" a "Policy of Truth" waren allebéid um Studioalbum "Violator" (1990) vertrueden, bei eis am Asaz ass "Live In Berlin" vun 2014.

D'Playlist:


Led Zeppelin - Rock 'n' Roll (Led Zeppelin IV, 1972)
The Doors - The Changeling (L.A.Woman, 1971)
Lou Reed - My Friend George (New Sensations, 1984)
Nick Mason's Saucerful Of Secrets - One Of These Days (Live At The Roundhouse, 2020)
Nick Mason's Saucerful Of Secrets - Astronomy Domine (Live At The Roundhouse, 2020)
Howl The Good - Ain't Hard To Stumble (Howl The Good, 1972)
Rare Earth - It Makes You Happy (Back To Earth, 1975)
Depeche Mode - Personal Jesus (live) (Live In Berlin, 2014)
Depeche Mode - Policy Of Truth (live) (Live In Berlin, 2014)
Heroes Del Silencio - Entra Dos Tierras (Senderos De Traicion, 1990)
The Charlatans - Opportunity Three (Over Rising / Remix Some Friendly, 1991)
War - Low Rider (Why Can't We Be Friends, 1975)

Musek

Episoden

It’s only rock’n’roll…

…but I like it: de Songtitel aus dem Rolling Stones Album mam selwechten Numm aus dem Oktober 1974 kéint duerchaus och de Motto vun hirer Karriär sinn.
headphones

60 min

play_arrow

Bob Dylan – live & revisited

Den 28. Oktober kënnt de Bob Dylan, no sengem Optrëtt am Abrëll 2017, eng weider Kéier an d‘Rockhal. An den Ale Schanken proposéiere mir Extraiten aus zwee Live-Albumme vun him an eng etlech Coverversiounen.
headphones

60 min

play_arrow

Calexico live

“Feast Of Wire” ass dee 4. Studioalbum vun der US-Indie-Band Calexico, déi reegelméisseg Tex-Mex-Kläng an hire Kompositiounen derbäi hunn. Hir Heemechtsstad Tucson/Arizona ass net ze iwwerhéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Eng nei Saison fir déi al Schanken!

Beim Grëff an déi musikalesch Archivkëscht kënnt Dir Lidder “vun deemools“ erëmhéieren oder awer nei entdecken. Et si bekannten Nimm derbäi an där, déi scho bal an de Vergiess gerode sinn ...
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

60 min

play_arrow

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ...
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

Osibisa live

Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt.
headphones

60 min

play_arrow

Rare Earth live

Rare Earth aus Detroit Michigan war eng vun de rare Formatioune mat wäisse Museker, déi Enn de Sechzegerjoren um Label Motown aktiv war.

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow