Radioen

On air

Notturno  |  Arp - Eniko

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Dem Eric Clapton säin duebele Live "24 Nights" gouf am Kader vu senger Journeyman World Tour opgeholl, déi vum Juli 1989 bis Mäerz 1991 gaangen ass. 13 vun de 15 Albumtracks koumen och als Concertsfilm eraus, mat paralleller Sortie am Oktober 1991.

Den englesche Gittarist hat déi prestigiéis Londoner Royal Albert Hall am Januar 1990 gläich 18 Mol noeneen gelount, gespillt gouf als Véier-Mann-Band. Net ganz zefridde mam Resultat koumen am Februar an am Mäerz dat Joer drop 24 weider Owenter op der selwechter Plaz derbäi (dofir den Albumtitel) - alle Kéier mat enger op néng Museker erweiderter Band, inklusiv Gäscht aus dem Blues wéi Jimmie Vaughan, Johnnie Johnson, Robert Cray a Buddy Guy.

Den Album koum um Clapton-eegene Label Duck eraus, d'Distributioun huet de Major Reprise assuréiert.

D'Playlist:


Eric Clapton - White Room (live) (24 Nights, 1991)
The Black Crowes - My Morning Song (The Southern Harmony And Musical Companion, 1992)
Pearl Jam - Black (Ten, 1991)
Ras Smaïla - Hey Joe (Black Man's Blues, 1999)
Rory Gallagher - Calling Card (Calling Card, 1976)
Bettye LaVette - Before The Money Came (The Scene Of The Crime, 2007)
Eric Clapton - Bad Love (live) (24 Nights, 1991)
Eric Clapton - Sunshine Of Your Love (live) (24 Nights, 1991)
Tina Turner - In The Midnight Hour (live) (Tina Live In Europe, 1988)
Tina Turner - Land Of 1.000 Dances (live) (Tina Live In Europe, 1988)
Tina Turner - Addicted To Love (live) (Tina Live In Europe, 1988)

Musek

Episoden

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

0 min

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow

Special David Bowie

Dësen 10. Januar sinn et aacht Joer, datt mam David Bowie ee vun den erfollegräichsten a respektéiertste Kënschtler, dës Welt zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag verlooss huet.
headphones

60 min

play_arrow

Erëmhéieren oder entdecken x 23!

1977 ass dat Joer, dat dobäi eng Grëtz méi am Mëttelpunkt steet - mat villen Interpreten, déi haut nach ëmmer aktiv sinn!
headphones

120 min

play_arrow

Let’s go live!

Grouss Nimm aus der Rockzeen, grouss Klassiker aus hirem jeeweilege Repertoire: mir gi véier Mol an de Concert - mat den Doobie Brothers, Talk Talk, Pink Floyd a Lou Reed
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

50 Joer ‚Quadrophenia’ vun The Who
headphones

60 min

play_arrow

David Crosby live

De 7. Dezember 1993 stoung den David Crosby op der Bün vum Club Whiskey A Gogo zu Hollywood. Erauskoum dobäi säi véierte Soloalbum “It’s All Coming Back To Me Now”.
headphones

60 min

play_arrow