Deen däitschen Auteur Martin Walser gehéiert ouni Zweiwel zu de wichtegsten zäitgenësseschen Auteuren am ganzen däitschsproochege Raum, wann net esou guer doriwwer eraus. A sengem impressionante Wierk fënnt ee vun allem: Erzielungen, Romaner, Novellen, Theaterstécker, Gedichter, Essaien oder och Héierspiller. De Martin Walser huet sech a senge Romaner mat den, wéi hie seet, "klenge Leit" auserneegesat an hien huet gäre seng Meenung zu politeschen a gesellschaftlechen Theeme ausgedréckt an dobäi och polariséiert.
Den Auteur, Sprochvirtuos a Provokateur Martin Walser ass de leschte Freideg am Alter vu 96 Joer gestuerwen. De Jean Claude Majerus kuckt op dëse groussen Auteur zeréck.