Et ginn ëmmer nees Bicher, déi net al ginn an ewell scho Generatioune markéiert hunn. Dozou gehéiert ganz bestëmmt och dem däitschen Auteur Michael Ende säi Roman "Momo". 1973, dat sinn ewell scho 50 Joer, koum "Momo" eraus, a mat ronn zéng Millioune verkaaften Exemplairen ass et, no der "Unendlichen Geschichte", dem Micharel Ende säi gréisste Succès, deen esouguer 1974 den däitsche Jugendbuchpräis gewonnen huet.
De Jean Claude Majerus beschäftegt sech mam Roman "Momo" a mat sengem Auteur Michael Ende.