Et ass fir Lëtzebuerg sécher net déi bekanntst Sportaart, de Baseball. Mee an den USA do gehéiert Baseball zum ganz populäre Sport, op engem Niveau mam NFL-American-Football, dem NBA-Basketball oder dem NHL-Äishockey. An all Sport fënnt een och där Superstaren, wéi am Basket de Michael Jordan, oder Magic Johnson, de Wayne Gretzky a Mario Lemieux am Äishockey, oder de Joe Montana an Tom Brady am American Football.
Mee vläicht wäre si all keng esou Sport-Superstare ginn, wann net viru Joerzéngten ee Baseball-Spiller als éischten de Wee zu den Ikone vum amerikanesche Sport gaange wier, de George Herman Ruth Junior, oder fir all Amerikaner kuerz de Babe Ruth, deen a senger Karriär just fir dräi Veräiner gespillt huet: d'Boston Red Sox, New York Yankees an d'Boston Braves.
De Jean Claude Majerus erënnert un dës Ikon aus dem amerikanesche Sport, dee virun 75 Joer gestuerwen ass.