Eng gigantesch Vulkaneruptioun huet am August 1883, also virun 140 Joer, d'Insel Krakatau an Indonesien explodéiere gedoen, an d'Insel ass ënnergaangen. De Knuppert war op zwee Drëttel vun der Welt ze héieren, et huet Äsche gereent, d'Tsunamien hu vill Côtë zerstéiert, an dausende Mënsche si gestuerwen. Op där selwechter Plaz fënnt een och haut een nawell ganz aktive Vulkan.
De Jean-Claude Majerus erënnert un d'Evenementer vun deemools.