arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 16 Joer stierft de Gaston Thorn
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Gebuer den 3. September 1928, studéiert de Gaston Thorn nom Zweete Weltkrich Droit, gëtt Affekot an engagéiert sech politesch an der DP. No éischten Erfarungen als Minister war hie vun 1974 bis 1979 Premier an enger DP-LSAP-Regierung, duerno fir véier Joer nees Minister an enger CSV-DP-Regierung. Vun 1981 bis 1985 war de Gaston Thorn President vun der Europäescher Kommissioun. Duerno goung hien an d'Privatwirtschaft.
Politik a Gesellschaft