Mad Dogs and Englishmen: mat deem Duebelalbum si mir mam Joe Cocker am Joer 1970 - dëst bei enger éischter wéineg professionell organiséierter Tour, déi den Englänner aus Sheffield a 56 Deeg uechter net manner wéi 48 Stied an den USA geféiert huet ... mat eegenem gelounte Bandfliger, fir deemoleg Zäiten en absolutte Luxus. Eng ustrengend an deier Tour, déi wuel e Grammy-nominéierten Duebelalbum an e Concertsfilm mat sech bruecht huet, allerdéngs och fir e Riselach am Portmonni.
Antëschent gëtt et eng deluxe Versioun vu “Mad Dogs and Englishmen” mat e puer Bonus-Songs, mee och op där gëtt et keng eng Joe Cocker-Kompositioun - alles Coverversiounen, wéi eis zwee Tracken den Owend: “Delta Lady” huet de Leon Russell geschriwwen, deen op der Tour Gittarist a Keyboarder war, “Feelin Allright” ass signéiert Dave Mason … dee mir duerno an der Emissioun nach mat senger Band Traffic derbäi hunn.
Playlist:
1. Blue Oyster Cult - The Reaper (Agents Of Fortune, 1976)
2. Buddy Miles & Double Trouble - The Wind Cries Mary (Blue Haze: Songs Of Jimi Hendrix, 2000)
3. Jimi Hendrix - Angel (Cry Of Love, 1970)
4. Paul Weller - All Along The Watchtower (Studio 150, 2004)
5. Joe Cocker - Delta Lady (live) (Mad Dogs And Englishmen, 1970)
6. Joe Cocker - Feelin Allright (live) (idem)
7. Stevie Ray Vaughan - Cold Shot (Double Trouble, 1984)
8. Joe Bonamassa - Redemption (Redemption, 2018)
9. Traffic -Light Up Or Leave Me Alone (live) (On The Road, 1973)
10. Keith Richards - Gimme Shelter (live) (Live in London ’92, 1992)