arrow_back_ios

Aus dem Liewen

search / Aus dem Liewen

/ (KJT) Kanner-Jugendtelefon

(KJT) Kanner-Jugendtelefon

Lauschteren play_arrow
headphones

6 min

Virstellung Elterentelefon vum KJT den 8002 4444

Am Oktober d’lescht Joer krut den Elterentelefon eng nei Nummer, den 8002 4444, an domat stelle sech eng ganz Rei Froen.

Firwat eng nei Nummer? Firwat gëtt et den Elterentelefon? Wien notzt deen? Wie sinn d’Beroder? Ass den Elterentelefon och anonym a vertraulech? Wéini kënnen d’Elteren sech heihi wenden? Wéini soll ech mir als Elterendeel Suerge maachen a mir Hëllef siche goen? Wéini kann ech net un den Elterentelefon uruffen?

Kann ech mech als Bomi oder Bopi, Tatta oder Monni och u si wenden? A kënnen och Professioneller sech heihi wenden?

D’Äntwert ass ganz kloer “Jo”. Jiddereen, deen a Kontakt ass mat engem Kand, als Bezéiungsberechtegten, als Vertrauenspersoun sech vläicht Suerge mécht oder sech Froe stëllt ëm e Kand, si all sinn hei wëllkomm.

“D’Eltere kënne sech mat all Fro, all Suerg, all Theema un eis Wenden, déi Family a Co. betreffen. Mir soen ëmmer ‘Kee Problem ass ze kleng, keen ze grouss’. Ëmmer wann déi kleng Boule am Bauch sech manifestéiert, een esou en ongutt Gefill huet, d’Gedanken sech am Krees dréien, d’Suergen een net méi lassloossen, Dir Iech iwwerfuerdert fillt, da bleift net eleng. Huelt den Telefon a rufft un”.

D’Beroder kennen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch beroden. Engleschsproocheg Eltere sinn op eiser ganz neier engleschsproocheger Permanence wëllkomm, déi ëmmer méindes owes vun 18-20 Auer ass, oder si kennen eis och online kontaktéieren.

Hei ass en Team vu spezifesch ausgebilten engleschsproochege Benevollen, déi gären hëllefen.

“Mir ginn Elteren eng Orientéierung, beroden si, a kënne si gegeebenefalls och weiderleeden un déi richteg Ulafstellen hei zu Lëtzebuerg”.

Méi Informatioune ginn et mat der Aline Hartz, Chargée de direction vum KJT (www.kjt.lu).

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Naturmusée

De Bléck geet zeréck op déi lescht Emissiounen, mir kucken awer och no vir, wat deemnächst am Musée geplangt ass.
headphones

6 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

TikTok, Dopamin und Brain Rot - Verlernen wir Langeweile?
headphones

5 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Pride Week 2026 – Respekt a gläich Rechter amplaz Haass
headphones

6 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

Mental Load a Famillen
headphones

4 min

play_arrow

MIFA - Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble ...

Foire du bénévolat social 2026, de 26. September am Neimënster
headphones

5 min

play_arrow

Kannermusée Plomm

Anekdoten aus dem Plomm
headphones

6 min

play_arrow

GERO - Kompetenzzenter fir den Alter

Age Bombs an aner interessant Konferenzen erwaarden Iech beim Gero nom Summer.
headphones

6 min

play_arrow

Familljen-Center

Bezéiunge kartographéieren: wéi kann ee mei bewosst seng Bezéiungsdynamike verstoen?
headphones

9 min

play_arrow

EwB - ErwuesseBildung

Sommerkurse zu Smartphone, Computer und Co.
headphones

3 min

play_arrow

Initiativ Liewensufank

Wéini ass mäi Puppelche prett fir d'Bäifidderen?
headphones

8 min

play_arrow

Naturmusée

Am Gaart vum Naturmusée gëtt un der Upassung vu Planzen a verschidden Bedéngunge gefuerscht. Mir huelen Iech mat hanner d’Kulissen.
headphones

5 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

KI Begleiter – emotionale Unterstützung oder digitale Abhängigkeit?
headphones

9 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Vun der Perimenopause iwwer d’Menopause bis zu der Postmenopause
headphones

8 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

TikTok, YouTube & Co. verstoen an net verdäiwelen
headphones

5 min

play_arrow

MIFA - Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble ...

D'European Disability Card, fir 2028 geplangt
headphones

7 min

play_arrow

Kannermusée Plomm

Spillen am neie Programm "On the move“.
headphones

5 min

play_arrow

Gero - Kompetenzzenter fir den Alter

Neiegkeete vum Pensiounscoach
headphones

6 min

play_arrow

Familljen-Center

Wei sicht een eng passend Berodungsplaz, e passende Psycholog oder eng passend Psychologin?
headphones

9 min

play_arrow

KJT - Kanner-Jugendtelefon

Wann Eltere sech trennen: Eng schwéier Zäit fir déi ganz Famill
headphones

5 min

play_arrow

Naturmusée

Eng kleng Spann ouni Héichtenangscht
headphones

8 min

play_arrow