Radioen

On air

Mixtape  |  Baden, Trinken, Fasten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

search / Concert

/ Händel, Rameau a Mozart treffen op d'Louise Farrenc

Händel, Rameau a Mozart treffen op d'Louise Farrenc

Mat "Music for the Royal Fireworks" huet de Georg Friedrich Händel eng festlech Musek a Form vun enger Orchestersuite fir de Kinnek George II vun England geschriwwen. Mee och dem Jean-Philippe Rameau seng "Dardanus"-Suite ass en Héichpunkt vun der Tragédie lyrique aus dem 18. Joerhonnert a besteet aus ganzer 15 kuerze Sätz. Dem entgéint stellt sech déi 1. Sinfonie vun der franséischer Komponistin Louise Farrenc, där hir Musek laang Zäit an de Vergiess gerode war an elo nees verstäerkt op Concertsprogrammer ze fannen ass.

Den Ofschloss mécht dann dem Wolfgang Amadeus Mozart seng Motett "Exsultate, jubilate".

Dëse Programm gëtt hei vum Deutschen Symphonie-Orchester Berlin ënner der Leedung vum Dirigent Bernhard Forck an der Sopranistin Anna Prohaska interpretéiert. Den DSO Berlin huet sech ënner anerem d'Fërderung vu Wierker vu Komponistinnen zum Zil gesat.

Opgeholl gouf dëse Concert den 8. Januar 2025 vun Deutschlandradio an der Berliner Philharmonie an nolauschtere kënnt Dir en nach bis den 13. Abrëll 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7.


Programm:

Georg Friedrich Händel (1685-1759): Music for the Royal Fireworks a Ré, HWV 351

Jean-Philippe Rameau (1683-1764): Suite an Arien aus “Dardanus”

Louise Dumont Farrenc (1804-1875): Sinfonie Nr. 1 an Do Mineur. op.32

Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Exsultate, jubilate, K. 165


Interpreten:

Deutsches Symphonie-Orchester Berlin

Anna Prohaska, Sopran

Bernhard Forck, Direktioun

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Tëschent Krich, Fridden a Molerei

Dëse Concert mat de Berliner Philharmoniker zitt eis an eng androcksvoll an thematesch Dicht.

De Freiburger Barockorchester spillt Vivaldi

Venedeg war dem Vivaldi seng Heemecht, virun allem seng Concerti awer hunn am Barock ganz Europa eruewert. De Freiburger Barockorchester spillt epuer vu senge bedeitendste Wierker.

Den Ádám Fischer dirigéiert Mozart

Den ungareschen Dirigent Ádám Fischer, en ausgewisene Spezialist vum klassesche Repertoire, dirigéiert d'Symphonien Nr. 39, 40 an 41 vum Wolfgang Amadeus Mozart

Ein Deutsches Requiem

Dem Johannes Brahms säi "Requiem" ass weltberüümt. Hei séngt en ee groussen däitsche Chouer an der Philharmonie: d'Gaechinger Cantorey.

Matthäuspassioun

Eng Opféierung mam Simon Rattle a mam Chouer an Orchester vum Bayresche Rundfunk

Rising Star Matilda Lloyd

E Concert vun der brittescher Trompettistin a Rising-Star vun dësem Joer Matilda Lloyd zesumme mam Pianist Martin Cousin

E Requiem wéi keen aneren

Dem Gabriel Fauré säi Requiem: e Wierk, bei deem den Doud net nëmmen negativ a schwéierfälleg ass. D'Doudesmass gëtt duerch méi liicht Motette vum Bruckner a Fauré opgelockert.

Kammermusek fir den Ouschterbrunch

De Quatuor de Luxembourg spillt Haydn a Grieg am Kammermusekssall vun der Philharmonie.

100 Joer Swedish Radio Choir

En a cappella-Concert mat schweedeschen an aneren europäesche Komponiste vun der Renaissance bis haut

Sayako Kusaka and friends

Déi japanesch Geiistin Sayako Kusaka presentéiert Musek vu Bach, Mahler, Clara a Robert Schumann.

Hommage un d'Sofia Gubaidulina

Dës Emissioun ass en Hommage un d'Komponistin Sofia Gubaidulina, déi den 13. Mäerz 2025 gestuerwen ass.

Romantesch Téin aus der Philharmonie

D’Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker invitéieren op e Kammermusiksconcert mat fréiromantesche Wierker vu Schumann, Mozart a Weber.

Hommage un de Vladimir Valek

Dëse Concert setzt sech zesummen aus verschiddenen Opnamen vum Prager Radio Symphonieorchester ënnert der Leedung vun sengem laangjährege Chefdirigent, dem Vladimir Valek.

Op de Spuere vu "Carmen"

D'Oper "Carmen" begeeschtert de Public ëmmer op en Neits, mee och déi zwou Carmen Orchestersuitte kennen e grousse Succès. An dës sinn net déi eenzeg gefeiert Wierker an dësem Programm.

"Wir sind wie zwei Brüder"

Den Cellist Alexander Hülshoff an de Pianist Andreas Frölich spillen de 27. Januar 2025 ee Concert an der Philharmonie, um Mozart sengem Gebuertsdag an um Internationale Gedenkdag un d'Affer vum Holocaust.

Galaconcert SOS Weltkannerdierfer

Ee Concert an der Philharmonie am Kader vum Galaconcert fir d'SOS Weltkannerdierfer den 12. Dezember 2024. D'Lëtzebuerger Philharmoniker spillen zesumme mam jonken ukrainesche Geiist Dmytro Udovychenko.

Franz héich 2

Dem Franz Schubert seng éischter manner bekannte Sinfonie Nr. 6 trëfft op dem Franz Berwald seng 2. Sinfonie mam Bäinumm "La Capricieuse". Zwee Wierker, déi laang Zäit ënnerschat goufen.

Zäitrees an d’Wiener Klassik

Mir maachen eis op de Wee an eng europäesch Haaptstad, déi d’Museksgeschicht iwwer Joerhonnerte staark gepräägt huet, mat Wierker vu Mozart a Beethoven.

Concert a Commemoratioun vum Holocaust

Optrëtt am Mierscher Theater am Kader vum 80. Joresdag vun der Befreiung vun Ausschwitz mat der Lëtzebuerger Militärmusek