Dës Kéier geet et ëm dat, wat mir soen, wa mir mat Leit ustoussen. Donieft geet et och ëm komplizéiert Verben am Latäin.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Haut komme mer nees bei e Wuert, wat mat Latäin ze dinn huet. Dat has de mer scho verroden.
C: Ganz genee. An elo mol ganz allgemeng gefrot: Kenns du nach Leit, déi an der Schoul Latäin gemaach hunn oder Latäin maachen?
S: _____
C: Ech war deemools op Latäin, well op Sixième huet et deemools geheescht, wann een eng Sprooch studéiere wëll, da misst een nach Latäin gemaach hunn. A well ech wosst, dass ech gäre wéilt Germanistik studéieren, hunn ech mer geduecht, dass ech dat och nach muss maachen.
S: An? Wéi war dat?
C: Ech mengen, de Cours hätt kënne méi flott sinn, well mer hu leider just Texter iwwer Kricher op Franséisch iwwersat, also et war inhaltlech just sou mëttel. Ech denken, dat kéint ee bestëmmt oppeppen, mee ech hat witzeg Proffen, déi vill Wëssen haten an ech kann haut och nach bëssi dovu profitéieren.
S: A wat ass eist Wuert haut?
C: An haut wëll ech gären eppes matbréngen, wat mer alleguer schonn eng Kéier benotzt oder héieren hunn an wat och Latäin ass, just e bëssen an ofgewandelter Form. Also, wann ech lo wëll mat engem ustoussen, wat sees de, wann s de mat engem ustéiss?
S: _____
C: Ech soen op Lëtzebuergesch PROST. A mir hu souguer och e Verb, wat prosten heescht. Sou, an elo gëtt et crazy: Prost ass Latäin. Prost ass eng zesummegezunn Form vun der laanger Form Prosit.
S: Seet een am Däitschen net och heiansdo Prosit?
C: Jo, genee, dozou soen ech gläich nach eppes! Prosit ass den Subjonctif (3. Persoun Singulier) vum Verb prodesse.
S: Uh, lo gëtt et komplizéiert.
C: Prodesse setzt sech zesummen aus Esse an Pro. An dann nach en D intercaléiert fir d'Aussprooch. An esse heescht être, also sinn. A Pro heescht dofir. Also dofir sinn, an engem sengem Sënn sinn. Mir hunn deemools d’Vokabel geléiert: Prodesse = être utile. A wann prodesse an de Subjonctif setzen, dann ass et prosit = et soll nëtzlech sinn. Op Däitsch: Dass es dir nützlech sei. Dass es dir diene.
S: Firwat sos de dat elo op Däitsch?
C: Ech muss dat lo op Däitsch iwwersetzen, well mir hu kee Subjonctif, also kee Konjunktiv 1 méi am Lëtzebuergeschen. Deen hu mer just nach am Däitschen. Zréck bei de Prosit an deng Remark och mam Däitschen. Do kann een och soen: Prosit Neujahr – do ass dann direkt e Sujet mat dobäi, do gëtt nach en Element bäigefüügt, wat engem nëtzlech soll sinn. Also dat neit Joer soll nëtzlech sinn.
S: A “prost” ass dann einfach déi Kuerzform dovunner?
C: Ganz genee. De Prosit resp. Prost, déi gouf et als Wonschformel schonn am fréien 18. Joerhonnert als Ausruff, laut däitsche Quellen.
An am Lëtzebuergeschen hu mir dat haut iwwerholl, just dass mir deen O ëmmer kuerz schwätzen. Mir soen ëmmer: Prost. D’Bedeitung ass awer nach wéi vridrun: et soll nëtzlech sinn, et soll positiv sinn. Dass een eeben zesummekënnt an eppes zesummen drénkt.
Ech muss awer soen, prodesse oder just esse ass och e komplizéiert Verb, mee kuck och emol d’Verb être am Franséischen, dat ass änlech komplex.
Falls de dech erënners, wéi d'Verb-Tabelle vun être ausgesinn huet.
S: Lo net am Detail, mee e bëssen.
C: Also do hues de jo dann och “sera”, dat ass en anere Stamm, “je suis” ass en anere Stamm, “il est” ass en anere Stamm, “nous sommes”. Dat sinn alles Formen, déi an engem Verbparadigma virkommen, mee komplett anescht ausgesinn. An sou änlech ass et och mam prodesse. Do hues de dann och “prosum” an “profui” an eise “prosit”, dee mer just nach als “prost” kennen.
S: Muss een haut eigentlech nach Latäin gemaach hunn, fir Sproochen ze studéieren?
C: Am Moment ass et net méi Pflicht, dass ee Latäin gemaach huet, fir eng Sprooch kënnen ze studéieren. Awer et ass och ni verkéiert, well et léiert een esou e bëssen analytescht Denken. An och fir Saachen erëm ze erkennen, déi mir haut vläicht nach benotzen. Awer et ass cool, an esou verschidde Sproochen eranzeschnupperen, fir esou e bëssen d'Struktur matzekréien. Dat kann awer och eng modern Sprooch sinn. Et soll een einfach virwëtzeg bleiwen!
S: An domat schécke mer d’Leit an de Feierowend a soe “prost”, merci Caroline a bis déi nächste Kéier!
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!