arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU-Walen 2024: D'Droite baut hir Positioun aus
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow

Tëschent dem 6. an 9. Juni waren déi iwwer 450 Millioune Leit an de 27 EU-Länner opgeruff 720 Membere vum Europäesche Parlament ze wielen. Klore Gewënner bei deem Vott war d’Europäesch Vollekspartei, déi op 188 Sëtz koum. Gewonnen hunn och déi riets a riets-extreem Parteien. Si sinn esou staark wéi nach ni am EU-Parlament vertrueden. Mir kucken zeréck op déi Europawalen 2024 mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
mic_none
Presentéiert vum
- Daniele Weber
Episoden
Wéi kritt een d'Reien am Europaparlament erëm méi voll?
Am Europaparlament hunn d'Deputéiert ufanks der Woch deelweis virun allem mat hirer Absence geglänzt, grad bei Debatten. Déi Observatioun huet den Olivier Hanrion vun der RTBF gemaach a sicht no Léisunge fir dee Problem.

EU-Kommissioun setzt 2025 de Schwéierpunkt op Wirtschaftspolitik
An hirem Aarbechtsprogramm fir 2025 konzentréiert sech d'Kommissioun virun allem drop, d'Ekonomie unzekuerbelen an d'Bürokratie ofzebauen. Verschidde Klimaschutzgesetzer sollen op de Leescht geholl ginn.

Bernd Lange: D'EU wäert vum Abrëll u Géigentaxe verhänken
Fir de President vun der Handelskommissioun am Europaparlament, de Bernd Lange, steet fest, datt d'EU mat Géigentaxen op déi annoncéiert amerikanesch Douanestaxe reagéiere wäert.
Groussbritannien: Eng nei Reality-TV-Show suergt fir Opreegung
Bei “Go Back to Where You Came From” geet ëm Britten, déi a Krichsgebitter geflu ginn, fir dann als Migrant hire Wee zeréck a Groussbritannien ze fannen.
Den Donald Trump als Chance fir d'EU?
Den amerikanesche President Donald Trump huet bannent kierzester Zäit déi ganz Welt an Opreegung versat. Déi nei Realitéit kéint déi Europäesch Unioun (op een Neits) dozou bréngen iwwer sech erauszewuessen.

US-Stroftaxen: EU weist Force a Verhandlungsbereetschaft
Wéi ee Konzept huet déi Europäesch Unioun am Ëmgank mam Donald Trump, a wat kann een aus senger éischter Amtsperiod léieren?

EU viséiert Bëlleg-Portaler wéi Temu a Shein
Den Import vu Bëllegproduiten, déi online op chineesesche Plattforme kaf ginn, huet sech déi lescht zwee Joer vervéierfacht. Et gëtt Sécherheetsrisiken, seet d'EU-Kommissioun a proposéiert Mesuren.

Nei belsch Regierung
Deen neie belsche Premierminister Bart De Wever huet gëschter Mëtteg seng Regierungsdeklaratioun presentéiert.

Budget a Mësstrauensvott a Frankräich
Härtetest fir de François Bayrou

Dräi Méint no den Iwwerschwemmunge bei Valencia
Méi wéi 200 Doudeger: An der Regioun ronderëm Valencia gouf et virun dräi Méint schro Iwwerschwemmungen. D'Awunner waarden nach ëmmer op Hëllef.

5 ans après le Brexit, les agriculteurs mitigés
Le 31 janvier, cela fera 5 ans que le Royaume-Uni a officiellement quitté l’Union européenne. Parmi les partisans de la sortie étaient nombreux dans le milieu agricole. Cinq plus tard, le bilan est mitigé.

Brexit: Comeback vun UK an d'EU och ënner Labor kaum realistesch
Den 31. Januar 2020 ass Groussbritannien aus der EU ausgetrueden. Fënnef Joer duerno schéngt et trotz politeschem Wiessel kaum warscheinlech, datt d'Land dee Schrëtt réckgängeg mécht.

Tabubroch am Bundestag: Unioun vun CDU an CSU toleréiert Stëmme vun der AfD
Fir d’éischte Kéier huet eng däitsch Partei am Bundestag bewosst de Support vun der rietsradikaler AfD akzeptéiert. D’Unioun aus CDU an CSU krut eng Majoritéit fir hir Motioun zu enger méi strikter Migratiounspolitik.

Bilan Commémorations Auschwitz
Bilan Commémorations Auschwitz
Bandegewalt a Schweden
Baisse bei de Schéissereien

EU-Parlament test nei Reegele géint eidele Sitzungssall
Am Europaparlament soll d'Participatioun am Plenum méi héich ginn. Dofir gouf dës Woch een Test lancéiert.

Gesondheetspolitik a Portugal
A Portugal däerfe Migranten, déi net Résident sinn, keng medizinesch Behandlung méi kréien - ausser bei engem totale Noutfall.

Neien Donald Trump: EU reagéiert zeréckhalend
Am EU-Parlament ass een deels geschockt iwwert d'Inauguratioun vum Donald Trump. Dernieft gëtt et Applaus vum rietse Bord. Eng europäesch Strategie iwwert den Ëmgank mam neie President ass nach net ze erkennen.

Bandegewalt a Schweden
Baisse bei de Schéissereien
