Irland ass déi drëttgréissten Insel an Europa, awer geopolitesch an zwee gedeelt. Op där enger Säit d’Republik Irland, op där anerer Säit Nordirland, dat zu Groussbritannie gehéiert. Irland huet siwe Mol den Eurovision Song Contest gewonnen, e Rekord. D’Iren zelebréieren och hir Clichéen, wéi hir Léift zum Guinness, der Faarf gréng a rouden Hoer. Mee ass Saint Patrick’s Day eigentlech wierklech iresch? De Cédric Reichel huet mat der Jill Mullan, dem Aidan Mullan, dem Kevin Mohan an dem Ronan Frawley geschwat.
arrow_back_ios
Fënster Op
Irland
headphones
44 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden
Holland
Holland a Lëtzebuerg verbënnt eng joerhonnertelaang gemeinsam Geschicht op villen Niveauen. E Land, fir dat et och vill Klischeeë gëtt, vum Campen, iwwer de Kéis bis zu Vëlofueren.
Holland
Holland a Lëtzebuerg verbënnt eng joerhonnertelaang gemeinsam Geschicht op villen Niveauen. E Land, fir dat et och vill Klischeeë gëtt, vum Campen, iwwer de Kéis bis zu Vëlofueren.

Philippinnen
E Land, dat aus iwwer 7.000 Insele besteet, eng grouss Sproochevillfalt huet a bekannt ass fir seng Léift zu Chrëschtdag.

Armenien
Dat eenzegt Land am Kaukasus ouni direkte Mierzougang. Armenien huet Grenze mat der Türkei, dem Iran, Aserbaidschan a Georgien.

Mexiko
E Land, dat méi ze bidden huet wéi Guacamole, Tacos an Tequila.

Irland
Eng Insel, déi an zwee gedeelt ass. D'Republik Irland op där enger Säit an Nordirland op där anerer Säit. An dësem Episod ginn déi zwee Länner thematiséiert.

Iran
E Land, dat mat senger Geschicht, senger Kultur a senger Gréisst faszinéiert. Vill Mënschen hunn den Iran awer an de leschte Jore misse verloossen.

Ungarn
D'Land huet eng vun de schwieregste Sprooche weltwäit a grenzt u siwen aner Länner.

Tierkei
E Land, dat fir seng Fussballkultur, seng Plagen a seng Bierglandschafte bekannt ass. A beim Iessen huet d’Tierkei méi ze bidde wéi just de Kebab.

Chile
Erënnerungen un d'Militärdiktatur

Tschechien
E Land, dat fir säi Béier bekannt ass, mee wat ass soss nach wichteg?

Slowakei
E Land, dat fir seng Bierglandschaften a seng Schlässer bekannt ass.

Tunesien
Tunesien huet 12 Milliounen Awunner, ass esou grouss wéi Éisträich an no senger Haaptstad Tunis benannt.

Malta
E Land, dat Lëtzebuerg a ville Saachen änlech ass.
- 1
- 2