Zesumme mam Jean-Paul Brodbeck huet de Kurt Rosenwinkel schonn 2022 een Album mat Fokus op de Frédéric Chopin erausbruecht, mat Arrangementer, déi de Pianist Brodbeck gemaach huet. Dat selwecht Konzept hu si elo fir déi neiste Release iwwer de Johannes Brahms adoptéiert.
De Jacob Mann ass eis bekannt als groovieste Roland-Juno-Spiller, mee op senger neier Plack “32” bréngt hien och seng Capacitéiten als elegante Pianist a Komponist zum Spill. De Miles Davis an der Carnegie Hall ass ee wichtegt Live-Manifest aus der Jazzgeschicht.
Playlist:
1. Kurt Rosenwinkel & Jean-Paul Brodbeck - Hungarian Dance Nr. 1 Kurt Rosenwinkel & Jean-Paul Brodbeck
2. Kurt Rosenwinkel & Jean-Paul Brodbeck - Intermezzo, op.118, Nr. 2
3. Kurt Rosenwinkel & Jean-Paul Brodbeck - Ballade, op.10, Nr. 4
4. Miles Davis At Carnegie Hall - Spring Is Here (Live)
5. Miles Davis At Carnegie Hall - Walkin' (Live)
6. Miles Davis At Carnegie Hall - New Rhumba (Live)
7. Jacob Mann - Kāneʻohe
8. Jacob Mann - Silver Line
9. Jacob Mann - It Will All Be Okay