Wéi kann eng nohalteg Liewensmëttelproduktioun ausgesinn, déi all d'Acteuren un een Dësch bréngt? Déi Fro stellt d'Institut fir biologesch Landwirtschaft IBLA a lancéiert een entspriechende Projet. Froen un hir Direktesch.
arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Stéphanie Zimmer
headphones
13 min
Lauschteren
play_arrow

Stéphanie Zimmer (Foto: Morgane Weidig)
mic_none
Presentéiert vum
- Christiane Kleer
Episoden
Martine Deprez
Wéi eng Conclusiounen zitt d'CSV-Sozialministesch aus der Pensiounsdebatt vu gëschter?
Tom Dominique
Den Direkter vun der IGSS erkläert d'Projektiounen iwwer déi finanziell Ofsécherung vum Pensiounssystem, déi seng Verwaltung am Virfeld vun der Pensiounsdebatt gemaach huet.

Emma Schymanski
D'Cheemikerin vun der Uni Lëtzebuerg erkläert, wat sech hanner de sougenannte PFAS verstoppt a wat déi Éiwegkeets-Chemikalien esou geféierlech mécht.

Gilles Roth
Wat geschitt mat den agefruerene russesche Verméigen? A wou soll d'Geld hierkommen, fir d'Investissementer an d'Verteidegung ze finanzéieren? Froen un de Finanzminister

Laurent Braun a Max Molitor
Mir froen de Generalsekretär vun der CSJ an de President vun de jonke Sozialisten, wat si am Pensiounsdebat vun hire Mammeparteien erwaarden.

Djuna Bernard
Mir froen d'Deputéiert vun déi gréng, wat d'Spezialkommissioun iwwer d'Caritas-Affär bis elo bruecht huet.

Ines Kurschat
Wéi wäert d'Luxemburger Wort sech an den nächste Jore weiderentwéckelen? Mir froen déi nei Chefredaktesch.

Laurent Zeimet
Wéi realistesch ass et, datt d'Walgesetz wierklech geännert gëtt? Dat froe mir den CSV-Députéierten, den Institutiounekommissioun an der Chamber presidéiert.

Claudia Monti
Mir blécke mat der Ombudsman zeréck op hiert Mandat, dat elo eriwwer ass, an no vir op hir nei Aufgab als Presidentin vun der HUT ASBL.

Lex Delles
Wéi geet et weider mam Stroumpräis? Wat plangt d'Regierung fir en an der Gidd ze halen? Froen un de Wirtschafts- an Energieminister.

Julian Proffitt
Wéi staark leiden d'Lëtzebuerger Autozouliwwerer ënner der Kris vun der Automobilbranche? Froen un de President vun der ILEA (Industrie Luxembourgeoise des Equipementiers de l'Automobile).

Fred Keup
Als eenzeg Partei an der Chamber huet d'ADR sech gëschter géint eng weider militäresch Ënnerstëtzung vun der Ukrain ausgeschwat. Froen un hire Fraktiounschef vum Maurice Molitor.

Alexander Flassak
Méi wéi 5 Millioune Passagéier, iwwer 800.000 Tonne Fracht: De Flughafe boomt. Wéi eng Erausfuerderunge waarden an der noer Zukunft? Froen un de Chef vu lux-Airport.

Jean Asselborn
Dee fréieren Ausseminister kommentéiert den Eclat am Wäissen Haus a beschreift d'Konsequenzen, déi doraus ze zéie sinn.

Martine Deprez a Paulette Lenert
Viru fënnef Joer gouf deen éischte Covid-Fall am Land detektéiert. Mat der Gesondheetsministesch vun deemools an hirer Nofollgerin kucke mir zeréck an no vir: wat hu mir aus der Corona-Pandemie geléiert?
Alex Donnersbach
Den CSV-Deputéierten ass Rapporter vun engem Text, deen de Moment staark an der Kritik steet: de Projet fir een neit Naturschutzgesetz. A wéi wäit wäert de Remarke vun den Ëmweltorganisatioune Rechnung gedroe ginn?
Carole Thoma
Wat kann a wëllt déi Lëtzebuerger Lénk sech vun hiren däitsche Kolleegen ofkucken, fir och erëm méi Uklang beim Wieler ze fannen? Dat freet d'Christiane Kleer d'Co-Spriecherin vun der Partei.

Pascal Ricquier
De fréiere President vun der Policegewerkschaft SNPGL geet elo mam OGBL - also net mat der CGFP - an d'Wale fir Staatsbeamtekammer. Wéi koum et zu där Decisioun a wat sinn d'Ambitioune vum pensionéierte Polizist?

Uwe Jun
De Professer fir Politikwëssenschaft vun der Universitéit Tréier analyséiert d'Resultat vun der Bundestagswal.
