Kultur
Jazz from Luxembourg and Bruxelles
8 min

De leschte Weekend waren zu Bréissel e puer besonnesch Deeg fir de Lëtzebuerger Jazz. KulturLX huet an Zesummenaarbecht mat dräi Bréisseler Venues d‘Band Ciao Kennedy, dem Michel Meis säi Projet Colibri, dem Greg Lamy a Participantinne vum Neimënster sengem PropulsionWOMEN d‘Geleënheet ginn, d‘Relatioune mat der belscher Zeen ze fleegen. Och de Pianist, Batteur a Vibraphonist Jerome Klein an dee jonken Trompettist Daniel Migliosi ware mat dobäi an hu mat engem belsche Kolleeg an enger hollännescher Kolleegin ee Concert an enger neier Formatioun gespillt. Fir iwwer dës Erfarung ze schwätzen war de Jerome Klein bei eis am Studio.
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden

Am Gespréich mam Brian Case vu FACS
D'Noise Band huet de Mëttwoch an de Rotondë gespillt.

Vältesdag an der klassescher Musek
Komponisten a Komponistinnen an d'Léift

Berlinale (1)
Een Abléck an den éischten Dag vum Filmfestival

Um Radar - de Weekend
D’Sté Bisenius verréit Iech, wat Dir de Weekend net verpasse sollt.

Endlech ... Vältesdag 2025 nees mat der Bridget Jones?
Flucht, drénkt, fëmmt: d'Bridget Jones elo och nach als Wittfra?

Kreativ an de Feierowend
Loscht, no engem laangen, ustrengenden Aarbechtsdag mat Hëllef vun der Musek de Kapp nees fräi ze kréien? An der Philharmonie gëtt et dofir "Your musical afterwork".

Rentrée littéraire (2) "Un perdant magnifique" vun der Florence Seyvos
Nom Frédéric Beigbeder sengem "Un homme seul" rezenséiert de Jeff Schinker ee weidere Roman vun der franséischer Rentrée littéraire, dee sech mat enger enigmatescher Pappefigur auserneesetzt.

Immersiv, explorativ, kontemplativ
De Georges Lentz huet Nei Musek fir Sträichquartett erausbruecht. Afloss op d'Kreatioun haten och Technik a The Noise String Quartet.

Eng gedeelte Geschicht häpperchersweis
De kënschtleresch experimentelle Projet “La Capsule”
“It is like going on a girls trip”
Déi zéng Musekerinne vun tenThing Brass spille fir déi alleréischte Kéier zu Lëtzebuerg am Artikuss zu Zolwer.

Op der Bün: "Leuchtfeuer" a "Sarah et Hugo"
"Leuchtfeuer" vun der Nancy Harris an enger Mise en scène vum Fabio Godinho a "Sarah & Hugo" vum Daniel Keene an enger Mise en scène vun der Véronique Fauconnet
Nika Schmitt an Ego/Egal
Bilan vun der Nika Schmitt hirer Kënschtlerinneresidenz zu New York

Filmkritik: "Riefenstahl"
En Documentaire iwwer d'Nazi-Vergaangenheet vun der däitscher Cineastin Leni Riefenstahl

Jonken Duo an der Philharmonie
De Lëtzebuerger Cellist Cyprien Kayser an de franséische Pianist Ilan Zajtmann spillen e Recital an der Philharmonie

Lambrini Girls - Who Let the Dogs Out
Eng éischt Plack, déi haart, politesch a relativ witzeg ass.

Um Radar - ënner der Woch
Wat fir Museks- a Kulturevenementer gëtt et zu Lëtzebuerg ënner der Woch? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an zielt Iech, wat op Iech zoukënnt.

IFFR 2025 och online accessibel
Vum 30. Januar bis den 9. Februar 2025 ass deen 53. internationale Filmfestival vu Rotterdam.

"De Beethoven ass eise Leuchtturm"
Dëse Sonnden, 9. Februar, kann een am Cube 521 zu Maarnech de Ludwig van Beethoven op eng ganz Intim Artaweis kenneléieren.
