arrow_back_ios

Moiesstudio

100komma7.lu / Moiesstudio

/ Black Friday: den europäesche Konsumenteschutz gëtt Recommendatiounen eraus

Black Friday: den europäesche Konsumenteschutz gëtt Recommendatiounen eraus

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

5 min

Haut ass net nëmmen e reguläre leschte Schaffdag vun der Woch, mee - et war an der Lescht kaum ze iwwersinn - och nach Black Friday. Als en Dag vun de besonnesch gudden Affären, gëtt e schonn zanter enger Zäitche vun de Geschäftsleit an d’Vitrinn gestallt. Mee Konsumenteschützer warnen: et soll een a Moosse shoppen a sech gutt informéieren. Dat ass och de Message vum Jean-Loup Stradella. Hien ass Jurist beim Europäesche Konsumentenzenter CEC mat Sëtz zu Lëtzebuerg an huet reegelméisseg mat Reklamatioune vu Clienten ze dinn, virun allem am Beräich vum Onlinehandel.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Mediterrane Flair op der Musel | © Anna Katina

Mediterrane Flair op der Musel

Fir e Stéck Mëttelmier ze erliewen, brauch een net wäit ze reesen: Zu Schwéidsbeng gouf iwwer Joerzéngten e privaten, mediterrane Gaart ugeluecht. Haut ass en op fir de Public.
headphones

13 min

play_arrow
Frieden a Carney lancéieren Iddi vun enger NATO-Bank | © Jo Diseviscourt

Frieden a Carney lancéieren Iddi vun enger NATO-Bank

D'Premierministere vu Lëtzebuerg an aus Kanada wëllen eng multinational Bank grënnen, déi Defense-Investitioune finanzéiere soll. De Luc Frieden erkläert d'Hannergrënn.
headphones

10 min

play_arrow
Wéi huet de CHEM d'Hëtztwell iwwerstanen? | © Centre Hospitalier Emile Mayrisch

Wéi huet de CHEM d'Hëtztwell iwwerstanen?

Virun der Canicule gouf gefaart, d'Spideeler kéinte wéinst ze ville Patienten a Schwieregkeete geroden. Dat ass net geschitt, seet de medezineschen Direkter Dr. Romain Schockmel.
headphones

9 min

play_arrow
Den Iran op der WM: Eng Ekipp, mat där sech de Gros net identifizéiere kann | © EPA/CHRIS TORRES

Den Iran op der WM: Eng Ekipp, mat där sech de Gros net identifizéiere kann

Den Iran ass zwar mat op der Weltmeeschterschaft dobäi an awer kann de Gros vun där Diaspora sech net mat der Ekipp identifizéieren.
headphones

6 min

play_arrow
Ingeborg Bachmann: Méi wéi just eng grouss Lyrikerin | © Maurice Molitor

Ingeborg Bachmann: Méi wéi just eng grouss Lyrikerin

De Jérôme Jaminet, Vizepresident vum Lëtzebuerger Germanisteverband, schwätzt iwwer déi vill Facettë vun der Schrëftstellerin, déi haut virun 100 Joer op d'Welt koum.
headphones

5 min

play_arrow
Wéi kann een Talenter hei am Land halen? | © Bigstock

Wéi kann een Talenter hei am Land halen?

Déi Fro huet de LISER am Optrag vun der Regierung probéiert ze beäntweren. De Logement spillt ënner anerem eng wichteg Roll, esou de Fuerscher Joel Machado am Interview.
headphones

11 min

play_arrow
Hëtztwell um Chantier | © Paule Rodesch

Hëtztwell um Chantier

Wéi gouf den Aarbechtsalldag um Chantier un déi extreem Temperaturen ugepasst. D'Paule Rodesch mellt sech live vun engem Chantier zu Esch an de Studio.
headphones

9 min

play_arrow
Neie Schwong an der Diskussioun iwwer Plattformaarbecht | © Radio 100,7

Neie Schwong an der Diskussioun iwwer Plattformaarbecht

Wéi soll d'Plattformaarbecht zu Lëtzebuerg gesetzlech encadréiert ginn? De Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk, huet ganz prezis Virstellungen.
headphones

10 min

play_arrow
Hëtztwell: Hëllef fir Sans-abrien | ©  EPA/MICHAEL CURRIE

Hëtztwell: Hëllef fir Sans-abrien

De Familljeminister Max Hahn (DP) erkläert, op wéi eng Ënnerstëtzung(en) Leit ouni Daach iwwer dem Kapp wärend der rouder Alert zeréckgräife kënnen.
headphones

4 min

play_arrow
Anne Knepper, Kächin mat frëscher Medail vun Nationalfeierdag | © Jo Diseviscourt

Anne Knepper, Kächin mat frëscher Medail vun Nationalfeierdag

Si ass déi éischt Fra, déi den Titel "Jeune cheffe de l'année" vu Gaullt Millau krut, huet och ee Restaurant, ass jonk Mamm a gouf an der Philharmonie ausgezeechent.
headphones

11 min

play_arrow
Muppe leiden ënner der Hëtzt - Gaasperecher Déierenasyl disponéiert ëm | ©  picture alliance / NurPhoto | Rupak De Chowdhuri

Muppe leiden ënner der Hëtzt - Gaasperecher Déierenasyl disponéiert ëm

60 Muppe waarden am Gaasperecher Déierenasyl op eng nei Famill. Well d'Hëtztwell Muppe besonnesch ze schafe mécht, passt d'Personal den Aarbechtsalldag an der Canicule un.
headphones

4 min

play_arrow
Wéi laang dauert d'Hëtztwell nach? | © EPA/TOLGA AKMEN

Wéi laang dauert d'Hëtztwell nach?

Dat froe mir de Meteorolog Luca Mathias. Déi nächst Deeg soll et nach méi waarm gi wéi bis elo. Wat ass dobäi den Ënnerscheed tëschent der tatsächlecher an der gefillter Temperatur
headphones

8 min

play_arrow
Nationalfeierdag Militärparad: A voller Uniform bei iwwer 30 Grad | © Pierre Reyland

Nationalfeierdag Militärparad: A voller Uniform bei iwwer 30 Grad

Déi lescht Preparatioune fir d'Militärparad op Nationalfeierdag ware wéinst der Hëtzt scho Freideg Moie fréi. Um Dag selwer awer sti mir bei iwwer 30 Grad do, esou en Offizéier.
headphones

6 min

play_arrow
10 Joer Brexit

10 Joer Brexit

Wéi huet dat Vereenegte Kinnekräich sech verännert, zënter et net méi Member vun der EU ass? Erklärunge vun eiser London-Korrespondentin Claire Barthelemy
headphones

6 min

play_arrow
"Feuerwerksmusik" 2026 | © picture-alliance/ dpa | Harald Tittel

"Feuerwerksmusik" 2026

Den Erny Delosch huet dëst Joer d'Musek fir d'Freedefeier um Virowend vun Nationalfeierdag geschriwwen. Am Interview verzielt hien, wéi hien dobäi virgaangen ass.
headphones

10 min

play_arrow
Canicule: eng grouss Belaaschtung fir de CGDIS | © Ana Angel

Canicule: eng grouss Belaaschtung fir de CGDIS

De Generaldirekter Paul Schroeder erkläert, firwat d'Kombinatioun vu grousser Hëtzt an Nationalfeierdag dem CGDIS vill Suerge maachen.
headphones

7 min

play_arrow
Verdachtsfäll vu sexuellem Mëssbrauch: Wéi ginn d'Schoulen domat ëm? | © Jo Diseviscourt

Verdachtsfäll vu sexuellem Mëssbrauch: Wéi ginn d'Schoulen domat ëm?

Éier d'Justiz agräife kann, mussen Alarmsignaler erkannt ginn. D'Psychologin Florence Gerges erkläert, wéi Schoulen op Verdachtsfäll reagéieren.
headphones

13 min

play_arrow
An 3 Wochen um Vëlo queesch duerch Europa - de Ralph Diseviscourt ass prett | © Jo Diseviscourt

An 3 Wochen um Vëlo queesch duerch Europa - de Ralph Diseviscourt ass prett

De Lëtzebuerger Extreemsportler start ëm Mëtternuecht d'Nordkap-Tarifa-Course queesch duerch Europa. E puer Stonne virum Depart ass hien eis aus dem Norde vun Norwegen zougeschalt.
headphones

6 min

play_arrow
Iran-USA-Accord: Wéi sécher ass d'Wafferou?

Iran-USA-Accord: Wéi sécher ass d'Wafferou?

Béid Säiten hu virgëschter e prinzipiellen Accord ënnerschriwwen, mee haut sinn nach weider Gespréicher an der Schwäiz geplangt. Mir kucken, wéi eng Froen nach musse gekläert ginn.
headphones

6 min

play_arrow
Wat leeft haut op der Fête de la Musique?

Wat leeft haut op der Fête de la Musique?

De Pit Walté huet sech de Programm fir eis ugekuckt.
headphones

4 min

play_arrow