1. Fir Aarteräich Wisen a Fiichtgebidder soll een an Zukunft staatlech Subventioune kënne kréien.
2. Lëtzebuerg misst sech am Krich tëschent Israel an der Hamas méi kloer positionéieren. Dat huet d’LSAP haut de Mëtte virun der Press gefuerdert.
3. D‘Hamas hätt eng weider Geisel fräigelooss: Den 21-Joer alen US-Israeeli Edan Alexander wier am Gazasträif un d‘rout Kräiz iwwergi ginn, mellen eng Partie israeelesch Medien.
4. Déi brittesch Regierung wëll d‘Immigratiounsreegele massiv verschäerfen – och EU-Bierger kéinten dovu betraff sinn.