“Old Time Rock’n’Roll”, “Against the Wind”, “We’ve Got Tonight” oder och nach “Fire Lake”, dat sinn Titele vum amerikanesche Museker Bob Seger mat deenen hien op der ganzer Welt bekannt gouf.
Och wann de Bob Seger d’Musekszeen duerch säin dach haarde Rock markéiert huet, hat hie selwer Ballade léiwer, well hie mat enger Ballad méi ausdrécke konnt, wéi mat rockege Rhythmen.
De Bob Seger huet eng Onmass Platin-Placke kritt, hien hat 19 Top-40-Singelen, bei senger Tour 1996 goufen iwwer 1 Millioun Tickete verkaf, a bis ewell si wäit iwwer 50 Milliounen Diske vum Bob Seger weltwäit iwwer d’Buttekstéike gaangen.
De Bob Seger ass e Mënsch, deen trotz sengem Succès ni vergiess huet, wou en hierkoum, a stoung a steet nach ëmmer mat zwee Féiss um Bueden an huet ni ofgehuewen. Genee dat mécht hien och esou sympathesch.
De 6. Mee krut deen amerikanesche Museker a Sänger mat der aussergewéinlecher Stëmm 80 Joer.