De Weekend iwwer dréit sech an de Rotonden alles ronderëm d'Spillen. Um Game On gëtt et vu Gesellschaftsspiller bis Videospiller villes ze entdecken a selwer auszeprobéieren.
An deem Kader ginn och e Pub Quiz, en Escape Room an historesch Spiller ugebueden. Oder nach “Eutopia”, en Theaterstéck, bei deem een d'Geschicht selwer matbestëmme kann.